Gemeng Folscht
D'Gemeng Folscht war bis zur Gemengefusioun vun 1978 eng lëtzebuergesch Gemeng.
Folscht | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Folschette de: Folscheid |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Opléisung | 1978 |
Integratiounsgemeng | Rammerech |
1978 huet d'Gemeng Folscht zesumme mat de Gemengen Ueschdref, Pärel a Bungeref zur Gemeng Rammerech fusionéiert.
D'Gemeng Folscht huet aus den Uertschafte Folscht, Hueschtert, Éischt a Rammerech, Kietscht a Schwiddelbruch bestanen.[1]
Déi héchst Plaz an der Gemeng war den Napoleonsgaart.
Referenzen
änneren- ↑ Opzielung vun de Gemengen an Dierfer déi zur Gemeng Rammerech fusionéiert goufen op der Websäit vun der Gemeng Rammerech