Uewerwampech

Uertschaft an der Gemeng Wëntger

Uewerwampech (lokal: Uewerwampich[1]; Wallounesch: Li Grande Ombwè, La Grande Ombwè[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Wëntger. D'Uertschaft läit am Nordweste vu Lëtzebuerg op der belscher Grenz op enger Héicht vu ronn 400 m, am Dall vun der Wemperbaach.

Uewerwampech
Uewerwampich
Uewerwampech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Oberwampach
de: Oberwampach
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wëntger
Buergermeeschter Lucien Meyers (CSV)
Awunner 194
  18.11.2008
Fläch 191 ha
Héicht 413 m
Koordinaten 50° 00’ 56’’ N
      05° 51’ 27’’ O

Op Uewerwampech kënnt een iwwer den CR329 vun Nidderwampech a vun Déierbech aus, an iwwer de Kiemel vu Lingser an der Belsch.

Déi héchst Punkte vun der Uertschaft si südlech vum Duerf am Bësch Wald mat 502 m (ouni weidere Flouernumm) a mat 501 m op Uessemuergen. Déi déifst Plaz ass mat 402 m op der Grenz mat Nidderwampech am Dall vun der Wemperbaach, bei der Pompelstatioun, do wou d'Lingserbaach an d'Wemperbaach leeft.

Geschicht änneren

Bis zur Grënnung vun der neier Gemeng Wëntger den 1. Januar 1977 huet déi fréier Gemeng Uewerwampech zum Kanton Wolz gehéiert.

Fréier Gemeng Uewerwampech änneren

Uewerwampech war bis zur Fusioun vum 1. Januar 1978 mat de Gemengen Aasselbuer, Béigen an Helzen eng eegestänneg Gemeng am Kanton Klierf.

Déi fréier Gemeng hat eng Fläch vun 2.968,4837 ha.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[3] änneren

Ausser Uewerwampech hu follgend Uertschaften zu der fréierer Gemeng gehéiert:

Duerfveräiner änneren

Zu Uewerwampech sinn zwéi Veräiner:

  • de Jugendclub "Les Mousquetaires Uewerwampich"
  • d'Chorale "Ste Cécile"

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Uewerwampech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. Michel Francard, Dictionnaire des parlers wallons du pays de Bastogne, De Boeck-Wesmael, Bruxelles, 1994, ISBN 2-8041-1957-2 (an « Ombwè »)
  3. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.