Gemeng Wal
D'Gemeng Wal ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wal vun där se och hiren Numm huet.
Wal | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Wahl de: Wahl |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Buergermeeschter | Christiane Thommes-Bach |
Awunner | 1.036 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 1.974 ha |
Koordinaten |
49° 50’ 09’’ N 05° 54’ 20’’ O |
Websäit | http://www.wahl.lu/ |
D'Gemeng Wal (orange) am Kanton Réiden (rout) | |
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]Änneren
UertschaftenÄnneren
- Brattert (Brattert)
- Bëschrued (Buschrodt)
- Gréiwels (Grevels)
- Heeschpelt (Heispelt)
- Kéiber (Kuborn)
- Randschelt (Rindschleiden), déi klengst Uertschaft aus dem Land.
- Wal (Wahl)
Lieu-ditenÄnneren
GeographieÄnneren
GeschichtÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
FusiounsplängÄnneren
2019 hunn d'Pläng vun enger Fusioun mat der Gemeng Groussbus ugefaangen. De 27. Juni 2021 gouf dofir an deenen zwou Gemengen e konsultative Referendum organiséiert[2]. Zu Wal hunn 62,25% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt (a 74,42% dofir zu Groussbus)[3],[4].
Déi nei Gemeng soll den Numm Gemeng Groussbus-Wal kréien a vum 1. September 2023 u funktionéieren, iwwerdeems de Gemengerot fir d'Fusiounsgemeng scho bei de Gemengewalen am Juni 2023 gewielt gëtt[5].
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ... bis 2011: Jean Ferber
- 2011 bis 2018: Marco Assa
- zanter 2018: Christiane Thommes-Bach
PerséinlechkeetenÄnneren
- Nicolas Grang (1854-1883), lëtzebuergeschen Offizéier an der belscher Arméi. Als Leitnant koum hien 1882 an de Kongo an huet ënner dem Henry Morton Stanley un der Eruewerung vum Héije Kongo deelgeholl.
KuckeswäertesÄnneren
- De Musée Thillenvogtei zu Wal ass e liewege Landmusée mat de Schwéierpunkte Landwirtschaft, Handwierk, Hauswiesen a Schoul.
- D'Kierch zu Randschelt
PompjeeënÄnneren
Den Interventiounszentrum vun de Pompjeeë vun der Gemeng Wal ass Gréiwels.
LiteraturÄnneren
- D'Geschicht vu Wahl, erausgi vum "Club des Jeunes Wahl", 1977
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Wal ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Wal – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ (fr)Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
- ↑ John Lamberty: "2021: Grosbous und Wahl hoffen auf Ja-Wort der Bürger." wort.lu, 02.01.2021.
- ↑ Marc Hoscheid, Bürgersegen für Gemeindehochzeit, Luxemburger Wort 28.06.2021, S. 14
- ↑ (lb)Groussbus a Wal: Majoritéit vun de Wieler huet fir eng Fusioun gestëmmt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-28.
- ↑ (de)Definitives Ja zur Fusion zwischen Grosbous und Wahl. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe. wort.lu (04.03.2022). Gekuckt de(n) 04.03.2022.