Pier Angeli

italieenesch Schauspillerin

D'Pier Angeli, gebuer als Anna Maria Pierangeli den 19. Juni 1932 zu Cagliari, Sardinien, Italien a gestuerwen den 10. September 1971 zu Beverly Hills, Kalifornien, war eng italieenesch Schauspillerin.

Pier Angeli
Gebuertsnumm Anna Maria Pierangeli
Gebuer 19. Juni 1932
Cagliari
Gestuerwen 10. September 1971
Beverly Hills
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Armando Trovaioli
Geschwëster Marisa Pavan
D'Pier Angeli am Film "Per mille dollari al giorno" (1964)

Am Ufank vun hirer Karriär war si a Filmer vu wichtege Regisseure wéi Fred Zinnemann, Richard Brooks a Robert Wise ze gesinn. An den 1960 Joren ass et awer mat hirer Carrière biergof gaangen, si krut just nach Rollen an éischter drëttklassege Bëllegproduktiounen.

Si war d'Schwëster vun der Schauspillerin Marisa Pavan

D'Pier Angeli war zweemol bestuet, vun 1954 bis 1959 mam Schauspiller Vic Damone a vun 1962 bis 1969 mam Komponist Armando Trovajoli.

Filmographie änneren

Kino änneren

Literatur änneren

  • Jane Allen: Pier Angeli - a fragile life. McFarland & Co, 2002, 240 Seiten. ISBN 0-786-41392-1.

Um Spaweck änneren

Commons: Pier Angeli – Biller, Videoen oder Audiodateien