Robert Siodmak

US-amerikanesche Filmregisseur

De Robert Siodmak, gebuer den 8. August 1900 zu Dresden an Däitschland, a gestuerwen den 10. Mäerz 1973 zu Locarno an der Schwäiz, war en US-amerikanesche Filmregisseur vun däitsch-polnescher Ofstamung.

Robert Siodmak
Gebuer 8. August 1900
Dresden
Gestuerwen 10. Mäerz 1973
Locarno
Nationalitéit Däitschland, USA
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur
Famill
Geschwëster Curt Siodmak

De Brudder vum Curd Siodmak war e wichtege Vertrieder vum Expressionismus. Wéi vill Anerer huet hien dem Nationalsozialismus de Réck gedréit an ass fir d'éischt a Frankräich, dunn, 1940, an d'USA gaangen. Hien ass awer nom Zweete Weltkrich an Däitschland zeréckkomm. An der Zäit vu sengem Exil huet en e puer wichteg Film noir gedréit, wéi 1946 The Spiral Staircase awer och e puer Aventure-Filmer wéi 1952 de Crimson Pirate mam Burt Lancaster.

An Däitschland konnt de Siodmak sech e gudden Numm maache mat dem Seriekiller-Film, dee sech an Nazi-Däitschland ofspillt, Nachts, wenn der Teufel kam vun 1957 mat engem jonke Mario Adorf. De Siodmak huet zwéi Karl May Filmer gedréit; 1964 Der Schut a 1965 Der Schatz der Azteken, allebéid mam Lex Barker.

Seng Filmer änneren

Um Spaweck änneren