Fritz Wepper

däitsche Schauspiller

De Fritz Wepper, gebuer de 17. August 1941 zu München, ass en däitsche Schauspiller.

Fritz Wepper
bei der Abt Racing Show 2006
Gebuer 17. August 1941
München
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Member vun Deutsche Filmakademie
Famill
Geschwëster Elmar Wepper
Kanner Sophie Wepper

De Fritz Wepper ass de Brudder vum Schauspiller Elmar Wepper an de Papp vun de Schauspillerin Sophie Wepper.

Bekannt Filmer vum Wepper sinn den Antikrichsfilm Die Brücke (1959) vum Bernhard Wicki, de Musical Cabaret vum Bob Fosse mat der Liza Minnelli an de Science-Fiction Drama Le dernier combat vum Luc Besson.

Populär als Schauspiller ass hien awer besonnesch an Däitschland duerch TV-Serië wéi Der Kommissar (1968-1974) wou hien a 66 Episoden ze gesi war an duerch d'Serie Derrick (1974-1998) wou hien an allen 281 Episode matgespillt huet.

Filmographie Änneren

Kino Änneren

TV (Auswiel) Änneren

  • 1968-1974: Der Kommissar (TV-Serie) (66 Episoden)
  • 1974-1998: Derrick (TV-Serie) (281 Episoden)
  • 1994-2000: Zwei Brüder (TV-Serie) (17 Episoden)
  • 2002-2021: Um Himmels Willen (TV-Serie) (264 Episoden)
  • 2007-2017: Mord in bester Gesellschaft (TV-Serie) (15 Episoden)

Um Spaweck Änneren