Edward G. Robinson

amerikanesche Schauspiller

Den Edward G. Robinson, gebuer als Emanuel Goldenberg den 12. Dezember 1893 zu Bukarest a gestuerwen de 26. Januar 1973 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Schauspiller vu rumänesch-jiddeschen Originnen.

Edward G. Robinson
Gebuertsnumm Emanuel Goldenberg
Gebuer 12. Dezember 1893
Bukarest
Gestuerwen 26. Januar 1973
Hollywood
Doudesursaach Blosekriibs
Nationalitéit Rumänien, USA
Educatioun City College of New York,
American Academy of Dramatic Arts
Aktivitéit Filmschauspiller, Konschtsammler, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Partei Democratic Party
Den Edward G. Robinson an The Ten Commandments.

Wéi den Emmanuel 10 Joer hat, ass e mat senger Famill op New York emigréiert. Schonn am Lycée huet hie gär Theater gespillt.

De Robinson krut eng Bourse fir op d'American Academy of Dramatic Arts an hat 1913 säin éischten Optrëtt ënner sengem Kënschtlernumm Edward G. Robinson. Hien huet 14 Joer laang um Broadway gespillt an hat 1923 seng éischt Roll an engem Film, The Bright Shawl.

Seng bekanntst Roll war déi vum Gangster Rico Bandello am Film Little Caesar vun 1930. Duerno huet hien ëmmer nees Gangsteren (wéi z. B. a Key Largo) oder soss Brigange gespillt, mä och biographesch Rollen, an a psychologeschen Dramen. Spéider hunn och Kaméidisfilmer zu sengem Repertoire gezielt.

Wärend dem Zweete Weltkrich huet hie sech staark als Antifaschist engagéiert, wat em an de Joren duerno Problemer gemaach huet, well en ewell, an der McCarthy-Zäit als Kommunist verdächtegt gouf an e puer Joer laang keng Filmrolle méi ugebuede krut.

Hien ass e puer Deeg, nodeems Soylent Green fäerdeg gedréint war, wouran e seng lescht Roll hat, gestuerwen. Nach dat selwecht Joer krut hie posthum en Oscar fir säi Liewenswierk.

Filmographie änneren

(ouni Tëleesserien; mat Roll)

Um Spaweck änneren

Commons: Edward G. Robinson – Biller, Videoen oder Audiodateien