René Deltgen

Filmschauspiller a Spriecher

De René Deltgen gebuer den 30. Abrëll 1909 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 29. Januar 1979 zu Köln, war e lëtzebuergesche Schauspiller, dee seng Schauspillercarrière an Däitschland gemaach huet.

René Deltgen
Gebuer 30. Abrëll 1909
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 29. Januar 1979
Köln
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller
Grafstee fir de René Deltgen um Melaten-Kierfecht zu Köln

Ugefaangen huet de René Deltgen seng Filmcarrière 1935 mam Film Das Mädchen Johanna, deen iwwer d'Jeanne d'Arc goung. Bis 1944 huet hien eng ganz Rëtsch Filmer gedréint, an deenen e meeschtens Abenteuerer gespillt huet. 1939 gouf e vum Joseph Goebbels zum (nazi-däitschen) Staatsschauspieler ernannt.

Nom Iwwerfall op Lëtzebuerg hunn d'nationalsozialistesch Besatzer den Deltgen a seng Bekanntheet fir Propagandazwecker agesat; op Plakater huet en z. B. d'Lëtzebuerger Kanner opgeruff, der Hitlerjugend bäizetrieden. Hien huet sech no 1945 selwer der Lëtzebuerger Justiz gestallt, gouf awer net verurteelt.

Nom Zweete Weltkrich hat den Deltgen nach e puer Succèsen am Kino, z. B. mat Der Tiger von Eschnapur vum Fritz Lang an Das indische Grabmal. Méi Erfolleg hat en an den 1950er Jore mat Radios-Lauschterspiller, wéi der Francis Durbridge-Serie, wou en den Detektiv Paul Temple gespillt huet.

An den 1960er Joren huet en d'Titelfigur vun den Edgar-Wallace-Filmer Der Hexer (1964) an Neues vom Hexer (1965) gespillt. 1977 war en den Alm-Öhi an enger Heidi-Verfilmung.

De René Deltgen ass 1979 zu Köln u Kriibs gestuerwen an do begruewen.

Gielercher änneren

Filmer änneren

Kino änneren

vun 1935 bis 1939 änneren

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1977 änneren

Paul Temple-Lauschterspiller änneren

  • 1949: Paul Temple und die Affäre Gregory (gëllt als verluer)
  • 1951: Paul Temple und der Fall Curzon
  • 1953: Paul Temple und der Fall Vandyke
  • 1954: Paul Temple und der Fall Jonathan, (Juni 2005), Der Audio-Verlag, 2005, 4 Cden. Mam René Deltgen an der Annemarie Cordes.
  • 1956: Paul Temple und der Fall Madison
  • 1957: Paul Temple und der Fall Gilbert
  • 1958: Paul Temple und der Fall Lawrence (Juli 2005),
  • 1959: Paul Temple und der Fall Spencer
  • 1961: Paul Temple und der Fall Conrad
  • 1962: Paul Temple und der Fall Margo
  • 1966: Paul Temple und der Fall Genf

Iwwer de René Deltgen änneren

Film an Theater änneren

Bicher änneren

Artikelen änneren

  • Anina Valle Thiele: "Schillernder Schauspieler, politischer Opportunist?" IN: d'Lëtzebuerger Land 26. Januar 2018, Nr.4, S.13.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Schauspieler unter den Nazis, Wie sich Luc Feit und André Jung an René Deltgen herantasten. Gekuckt de(n) 22. Februar 2022.