Friedrich Schoenfelder

däitsche Schauspiller


De Friedrich Schoenfelder, gebuer de 17. Oktober 1916 zu Sorau (haut Żary a Polen) a gestuerwen de 14. August 2011 zu Berlin, war en däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.

Friedrich Schoenfelder
bei engem Edgar-Wallace-Treffen
Gebuer 17. Oktober 1916
Żary
Gestuerwen 14. August 2011
Berlin
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher

De Schoenfelder hat 1936 säin Debut am Theater zu Berlin. Nom Krich hat hie vun 1946 bis 1949 en Engagement am Theater zu Stuttgart. Duerno krut hie Rollen an den Theateren vu Stied wéi Göttingen, Zürich, Wien, München, Düsseldorf, Köln, Frankfurt am Main an Dresden.

Seng éischt Roll am Kino hat hien 1949 am Film Tragödie einer Leidenschaft vum Kurt Meisel.

Hien huet och vill bekannten international Schauspiller wéi David Niven, Vincent Price, Henry Fonda, James Mason a Rex Harrison op däitsch synchroniséiert.

1996 huet hien zu sengem 80. Gebuertsdag seng Memoiren Ich war doch immer ich erausginn.

Filmographie änneren

Kino änneren

Theater änneren

Um Spaweck änneren