Tony Curtis

US-amerikanesche Schauspiller

Den Tony Curtis, gebuer den 3. Juni 1925 an der Bronx zu New York City als Bernard Schwartz, a gestuerwen den 29. September 2010, war en US-amerikanesche Schauspiller.

Tony Curtis
Gebuertsnumm Bernard Schwartz
Pseudonym Anthony Curtis
Gebuer 3. Juni 1925
New York
Gestuerwen 29. September 2010
Henderson
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit USA
Educatioun The New School,
City College of New York
Aktivitéit Filmschauspiller, Schrëftsteller, Moler, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Janet Leigh, Christine Kaufmann, Leslie Allen, Andrea Savio, Lisa Deutsch, Jill Vandenberg
Kanner Kelly Curtis, Jamie Lee Curtis, Allegra Curtis

An den 1950er a 60er Jore war hien ze gesinn a Filmer wéi Trapeze (1956, mam Burt Lancaster an der Gina Lollobrigida), Sweet Smell of Success (1957, och mam Burt Lancaster), The Defiant Ones (1958, mam Sidney Poitier), Operation Petticoat (1959), Some Like It Hot (1959, vum Billy Wilder, mam Jack Lemmon an der Marilyn Monroe), Spartacus (1960, mam Kirk Douglas a mam Laurence Olivier), Taras Bulba (1962, mam Yul Brynner a mam Sam Wanamaker), The Great Race (1965, mam Jack Lemmon, Peter Falk an der der Natalie Wood) an The Boston Strangler (1968, mam Henry Fonda an George Kennedy).

1971-1972 huet hien an The Persuaders zesumme mam Roger Moore d'Haaptroll gespillt. The Bad New Bears Go to Japan (1978) an The Mirror Crack'd (1980) ware Filmer, an deenen en ë. a. an den 1970er Jore matgespillt huet.

Zanterhier hat en en ettlech Gaaschtrollen ë. a. a Suddenly Susan (1998), Hope & Faith (2004) a CSI: Crime Scene Investigation (2005).

2008 si seng Memoiren ënner dem Titel American Prince erauskomm.

Zanter den 1980er Joren huet den Tony Curtis sech och als Moler en Numm gemaach.

Hie war sechsmol bestuet, dorënner mat der Janet Leigh (mat där en zwee Kanner hat, dorënner d'Jamie Lee Curtis) a senger leschter Fra Jill Vandenberg Curtis, mat där e vun 1998 bis zu sengem Doud bestuet war, an déi 42 Joer méi jonk ass wéi hien.

Filmographie änneren

Kino änneren

1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2008 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tony Curtis – Biller, Videoen oder Audiodateien