Cedric Hardwicke

brittesche Schauspiller

De Sir Cedric Webster Hardwicke, gebuer den 19. Februar 1893 zu Lye an England a gestuerwen de 6. August 1964 zu New York City, war en englesche Schauspiller.

Cedric Hardwicke
Gebuertsnumm Cedric Webster Hardwicke
Gebuer 19. Februar 1893
Worcestershire
Gestuerwen 6. August 1964
New York
Doudesursaach Longenemphysem
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Kanner Edward Hardwicke

Den Hardwicke ass als Theaterschauspiller besonnesch bekannt duerch seng Optrëtter a Stécker vum William Shakespeare a vum George Bernhard Shaw.

Am Kino huet hien a bekannte Filmer wéi The Hunchback of Notre Dame (1939) vum William Dieterle weider an 2 Kriminalfilmer Suspicion (1941) a Rope (1948) alle béid vum Alfred Hitchcock matgespillt. Hie war awer och an Hollywood-Superproduktioune wéi 1956 am Bibelfilm The Ten Commandments vum Cecil B. DeMille an och an der Jules Verne Verfilmung vun Around the World in 80 Dayss (1956) vum Michael Anderson ze gesinn.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Schauspiller änneren

vun 1913 bis 1939 änneren

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1964 änneren

Literatur änneren

  • Cedric Hardwicke, James Brough: A Victorian in Orbit. The irreverent memoirs of Sir Cedric Hardwicke, as told to James Brough. Methuen & Co., London 1961.

Um Spaweck änneren

Commons: Cedric Hardwicke – Biller, Videoen oder Audiodateien