Den Alfred Weidenmann, gebuer den 10. Mee 1918 oder 1916 a gestuerwen den 9. Juni 2000 zu Zürich, ass en däitsche Filmregisseur an Auteur.

Alfred Weidenmann
Pseudonym W. Derfla
Gebuer 10. Mee 1916
Stuttgart
Gestuerwen 9. Juni 2000
Zürich
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Filmproduzent
Partei NSDAP

Hien huet Molerei a Graphik studéiert, an huet als Fotograf geschafft.

Am Joer 1934 ass hie Member vun der NSDAP ginn. Duerno huet en am Propagandadepartement vun der Hitlerjugend geschafft. Vun 1939 un huet hien d'Kriegsbücherei der deutschen Jugend geleet.

Zu Berlin ass hien um Enn vum Krich a russesch Gefaangenschaft komm. No senger Entloossung huet e Bicher fir d'Jugend geschriwwen. An den 1950er Joren huet hien och erëm fir de Film geschafft.

Bekannt Filmer vum Alfred Weidenmann nom Krich si Canaris (1954), Scampolo (1957) a Buddenbrooks (1959).

Filmographie änneren

Kino (Auswiel)

Um Spaweck änneren