Hardy Krüger

däitsche Schauspiller

Den Hardy Krüger, gebuer als Franz Eberhard August Krüger den 12. Abrëll 1928 zu Berlin, a gestuerwen den 19. Januar 2022 a Kalifornien[1], war en däitsche Schauspiller an Auteur.

Hardy Krüger
bei enger Pressekonferenz 2013
Gebuertsnumm Eberhard August Franz Ewald Krüger
Gebuer 12. Abrëll 1928
Bezierk Wedding
Gestuerwen 19. Januar 2022
Palm Springs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Autobiograph, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Kanner Christiane Krüger, Hardy Krüger junior

De Krüger ass de Jong vum Ingenieur Max Krüger, hien huet seng Kandheet zu Berlin verbruecht. Mat 16 Joer koum hien an d'Adolf-Hitler-Schoul op d'Ordensburg Sonthofen. Am Joer 1943 krut hien eng Roll am Propaganda-Film Junge Adler. Bei den Dréiaarbechten an den UFA-Studioen zu Babelsberg koum hien a Kontakt mat de Schauspiller Albert Florath an Hans Söhnker déi Judde gehollef hunn aus Däitschland ze flüchten. Si hunn de jonke Krüger iwwer den NS-Regime opgekläert. Am Mäerz 1945 gouf hien an d'Waffen-SS agezunn an duerno ass hien an amerikanesch Gefaangenschaft komm.

Nom Krich huet hie Statisterollen am Hamburger Schauspielhaus iwwerholl a war zur selwechter Zäit och Spriecher um nordwestdäitsche Radio.

Den Hardy Krüger, 2007

Seng Filmcarrière huet am Joer 1949 richteg ugefaangen. International ass hie mam Film The One That Got Away (1957) vum Roy Ward Baker bekannt ginn. Duerno komme bedeitend Filmer wéi Un taxi pour Tobrouk (1960) vum Denys de La Patellière, Hatari! (1961) vum Howard Hawks mam John Wayne, Les dimanches de Ville d'Avray (1962) vum Serge Bourguignon,The Flight of the Phoenix (1965) vum Robert Aldrich a Barry Lyndon (1975) vum Stanley Kubrick.

De Krüger ass de Papp vun de Schauspiller Christiane Krüger an Hardy Krüger Junior.

Hien ass och den Auteur vu Romaner an Erzielungen.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1944 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1984 änneren

De Krüger als Auteur (Auswiel) änneren

  • Eine Farm in Afrika. Mein Momella, Rowohlt, Reinbek 1970
  • Sawimbulu, 1971
  • Die Kinder von der Kastner-Farm, 1973
  • Wer stehend stirbt, lebt länger, Roman, 1973
  • Schallmauer, Roman, 1978
  • Die Frau des Griechen, Erzählungen, 1980
  • Junge Unrast, Roman, 1983
  • Sibirienfahrt. Tagebuch einer Reise, 1987
  • Frühstück mit Theodore, Roman, 1990
  • Wanderjahre. Begegnungen eines jungen Schauspielers, 1998
  • Szenen eines Clowns, 2001
  • Zarte Blume Hoffnung, 2005
  • Die andere Seite der Sonne, 2007

Um Spaweck änneren

Commons: Hardy Krüger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. |"Schauspieler Hardy Krüger im Alter von 93 Jahren gestorben." sueddeutsche.de, 2022-01-20.