Henry Fonda
Den Henry Fonda, gebuer als Henry Jaynes Fonda de 16. Mee 1905 zu Grand Island, Nebraska a gestuerwen den 12. August 1982 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Henry Fonda | |
---|---|
Gebuertsnumm | Henry Jaynes Fonda |
Gebuer | 16. Mee 1905 |
Gestuerwen |
12. August 1982 Los Angeles |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of Minnesota |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Marinnoffizéier, Beienziichter, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsproduzent, Schauspiller, Filmproduzent |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Frances Ford Seymour |
Kanner | Peter Fonda, Jane Fonda |
Den Henry Fonda ass de Papp vun de Schauspiller Jane Fonda a Peter Fonda an de Grousspapp vun der Schauspillerin Bridget Fonda.
Den Henry Fonda huet souwuel a klassesche Western wéi My darling Clementine vum John Ford an The Ox-Bow Incident vum William A. Wellman matgespillt, wéi spéider dann och am italieenesche Kult-Western C'era una volta il West vum Sergio Leone. Vu sengen dramatesche Filmer siwen ernimmt Jezebel, vum William Wyler, The Wrong Man vum Alfred Hitchcock, 12 Angry Men a Fail-Safe déi zwéi leschtgenannte vum Sidney Lumet. A grouss opgezunnenen historesche Filmer war den Henry Fonda och ze gesinn, wéi War and Peace vum King Vidor,The Longest Day vum Ken Annakin, Andrew Marton a Bernhard Wicki an How the West Was Won vum John Ford, Henry Hathaway an George Marshall.
A sengem leschte Kinosfilm On Golden Pond vum Mark Rydell huet hien déi eenzeg Kéier a senger Carrière mat der Katharine Hepburn zesummegespillt. Och war et den eenzege Film zesumme mat senger Duechter Jane Fonda. Fir seng Haaptroll an dësem Film krut hien och den Oscar als beschte Schauspiller.
Filmographie
ännerenvun 1935 bis 1939
änneren- 1935: The Farmer Takes a Wife, vum Victor Fleming mam Janet Gaynor a Charles Bickford
- 1935: I Dream Too Much, vum John Cromwell mam Lily Pons a Lucille Ball
- 1935: Way Down East vum Henry King mam Rochelle Hudson
- 1936: The Trail of the Lonesome Pine, vum Henry Hathaway mam Sylvia Sidney a Fred MacMurray
- 1936: The Moon's Our Home, vum William A. Seiter mam Margaret Sullavan a Beulah Bondi
- 1937: Spendthrift, vum Raoul Walsh mam Mary Brian
- 1937: Wings of the Morning, vum Harold D. Schuster mam Annabella
- 1937: You Only Live Once, vum Fritz Lang mam Sylvia Sidney
- 1937: Slim, vum Ray Enright mam Pat O'Brien
- 1937: That Certain Woman, vum Edmund Goulding mam Bette Davis an Anita Louise
- 1938: I Met My Love Again, vum Joshua Logan an Arthur Ripley mam Joan Bennett
- 1938: Jezebel, vum William Wyler mam Bette Davis
- 1938: Blockade, vum William Dieterle mam Madeleine Carroll a Vladimir Sokoloff
- 1938: Spawn of the North, vum Henry Hathaway mam George Raft an Dorothy Lamour
- 1938: The Mad Miss Manton, vum Leigh Jason mam Barbara Stanwyck
- 1939: Jesse James, vum Henry King mam Tyrone Power a Randolph Scott
- 1939: Let Us Live, vum John Brahm mam Maureen O'Sullivan a Ralph Bellamy
- 1939: Young Mr. Lincoln, vum John Ford mam Alice Brady
- 1939: The Story of Alexander Graham Bell, vum Irving Cummings mam Don Ameche a Loretta Young
- 1939: Drums along the Mohawk, vum John Ford mam Claudette Colbert an John Carradine
vun 1940 bis 1949
änneren- 1940: The Grapes of Wrath, vum John Ford mam Jane Darwell an John Carradine
- 1940: Lillian Russell, vum Irving Cummings mam Alice Faye an Don Ameche
- 1940: The Return of Frank James, vum Fritz Lang mam Gene Tierney an Jackie Cooper
- 1940: Chad Hanna, vum Henry King mam Dorothy Lamour a Linda Darnell
- 1941: The Lady Eve, vum Preston Sturges mam Barbara Stanwyck a Charles Coburn
- 1941: Wild Geese Calling, vum John Brahm mam Joan Bennett
- 1941: You Belong to Me, vum Wesley Ruggles mam Barbara Stanwyck
- 1942: The Male Animal, vum Elliott Nugent mam Olivia de Havilland
- 1942: Rings on Her Fingers, vum Rouben Mamoulian mam Gene Tierney
- 1942: The Magnificent Dope, vum Walter Lang mam Don Ameche
- 1942: Tales of Manhattan, vum Julien Duvivier mam Charles Boyer, Rita Hayworth, Ginger Rogers, Charles Laughton an Edward G. Robinson
- 1942: The Big Street, vum Irving Reis mam Lucille Ball an Agnes Moorehead
- 1943: Immortal Sergeant, vum John M. Stahl mam Maureen O'Hara
- 1943: The Ox-Bow Incident, vum William A. Wellman mam Dana Andrews an Anthony Quinn
- 1946: My Darling Clementine, vum John Ford mam Linda Darnell a Victor Mature
- 1947: The Long Night, vum Anatole Litvak mam Barbara Bel Geddes a Vincent Price
- 1947: The Fugitive, vum John Ford mam Dolores del Rio a Pedro Armendáriz
- 1947: Daisy Kenyon, vum Otto Preminger mam Joan Crawford an Dana Andrews
- 1948: On Our Merry Way, vum Leslie Fenton a King Vidor mam Paulette Goddard an James Stewart
- 1948: Fort Apache, vum John Ford mam John Wayne a Shirley Temple
vun 1950 bis 1959
änneren- 1955: Mister Roberts, vum John Ford a Mervyn LeRoy mam James Cagney an Jack Lemmon
- 1956: War and Peace, vum King Vidor mam Audrey Hepburn, Mel Ferrer, Vittorio Gassman, Herbert Lom an Anita Ekberg
- 1957: The Wrong Man, vum Alfred Hitchcock mam Vera Miles an Anthony Quayle
- 1957: 12 Angry Men, vum Sidney Lumet mam Martin Balsam a Lee J. Cobb
- 1957: The Tin Star, vum Anthony Mann mam Anthony Perkins
- 1958: Stage Struck, vum Sidney Lumet mam Susan Strasberg an Joan Greenwood
- 1959: Warlock, vum Edward Dmytryk mam Richard Widmark, Anthony Quinn an Dorothy Malone
- 1959: The Man Who Understood Women, vum Nunnally Johnson mam Leslie Caron
vun 1960 bis 1969
änneren- 1962: The Longest Day, vum Ken Annakin, Andrew Marton a Bernhard Wicki mam John Wayne, Robert Ryan, Peter van Eyck, Robert Mitchum, Curd Jürgens an Jeffrey Hunter
- 1962: The Good Years, vum Franklin J. Schaffner mam Lucille Ball
- 1962: Advise and Consent, vum Otto Preminger mam Walter Pidgeon a Charles Laughton
- 1962: How the West Was Won, vum John Ford, Henry Hathaway, an George Marshall mam Gregory Peck, John Wayne, James Stewart, Debbie Reynolds, Karl Malden a Carroll Baker
- 1963: Spencer's Mountain, vum Delmer Daves mam Maureen O'Hara a Mimsy Farmer
- 1963: The Best Man, vum Franklin J. Schaffner mam Cliff Robertson an Edie Adams
- 1964: Fail-Safe, vum Sidney Lumet mam Dan O'Herlihy a Walter Matthau
- 1964: Sex and the Single Girl, vum Richard Quine mam Tony Curtis an Natalie Wood
- 1964: The Rounders, vum Burt Kennedy mam Glenn Ford a Chill Wills
- 1965: In Harm's Way, vum Otto Preminger mam John Wayne a Kirk Douglas
- 1965: Battle of the Bulge, vum Ken Annakin mam Robert Shaw a Robert Ryan
- 1965: The Dirty Game, vum Christian-Jaque, Werner Klingler, Carlo Lizzani an Terence Young mam Robert Ryan, Vittorio Gassman, Bourvil a Robert Hossein
- 1966: A Big Hand For The Little Lady, vum Fielder Cook mam Joanne Woodward an Jason Robards
- 1967: Firecreek, vum Vincent McEveety mam James Stewart an Inger Stevens
- 1967: Welcome to Hard Times, vum Burt Kennedy mam Janice Rule a Keenan Wynn
- 1967: Madigan, vum Don Siegel mam Richard Widmark an Inger Stevens
- 1968: Yours, Mine and Ours, vum Melville Shavelson mam Lucille Ball a Van Johnson
- 1968: The Boston Strangler, vum Richard Fleischer mam Tony Curtis an George Kennedy
- 1968: C'era una volta il West, vum Sergio Leone mam Claudia Cardinale, Jason Robards, Charles Bronson a Gabriele Ferzetti
- 1969: There Was A Crooked Man, vum Joseph L. Mankiewicz mam Kirk Douglas
vun 1970 bis 1981
änneren- 1970: The Cheyenne Social Club, vum Gene Kelly mam James Stewart a Shirley Jones
- 1970: Too Late the Hero, vum Robert Aldrich mam Michael Caine a Cliff Robertson
- 1971: Sometimes a Great Notion, vum Paul Newman mam Paul Newman a Lee Remick
- 1973: Le serpent, vum Henri Verneuil mam Yul Brynner, Dirk Bogarde a Philippe Noiret
- 1973: Ash Wednesday, vum Larry Peerce mam Elizabeth Taylor an Helmut Berger
- 1973: Il mio nome è Nessuno, vum Tonino Valerii a Sergio Leone mam Terence Hill
- 1974: Mussolini - Ultimo atto, vum Carlo Lizzani mam Rod Steiger a Lisa Gastoni
- 1976: Midway, vum Jack Smight mam Charlton Heston an James Coburn
- 1977: Rollercoaster, vum James Goldstone mam George Segal a Richard Widmark
- 1977: Tentacoli, vum Ovidio G. Assonitis mam John Huston a Shelley Winters
- 1977: The Last of the Cowboys, vum John Leone mam Robert Englund a Susan Sarandon
- 1978: Fedora, vum Billy Wilder mam William Holden, Marthe Keller an Hildegard Knef
- 1978: The Swarm, vum Irwin Allen mam Michael Caine a Katharine Ross
- 1978: Il grande attaco, vum Umberto Lenzi mam Giuliano Gemma a Samantha Eggar
- 1979: Meteor, vum Ronald Neame mam Sean Connery an Trevor Howard
- 1979: City on Fire, vum Alvin Rakoff mam Susan Clark an Ava Gardner
- 1979: Wanda Nevada, vum Peter Fonda mam Peter Fonda a Brooke Shields
- 1981: On Golden Pond, vum Mark Rydell mam Katharine Hepburn an Jane Fonda
Literatur
änneren- Michael Kerbel: Henry Fonda. Seine Filme - sein Leben.. Heyne-Filmbibliothek, Band 56. Heyne, München 1982, 262 S., ISBN 3-453-86056-X.
- Tony Thomas: The Complete Films of Henry Fonda. Citadel Press, Secaucus N.J. 1983, 255 S., ISBN 0-8065-1189-3
- Henry Fonda, Howard Teichmann: Fonda: My Life. 1984.
- Peter Collier: The Fondas. A Hollywood Dynasty. Putnam Pub Group 1991.
- Andreas Kern: Die Fondas. Campus 2001, ISBN 3-593-36531-6.