16. Juli
Datum
<< | Juli | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2024 |
De 16. Juli ass den 197. Dag vum Joer (198. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 622: Den islamesche Prophéit Mohammed kënnt zu Medina un; Ufank vun der islamescher Zäitrechnung.
- 1789: Frankräich: Den Necker gëtt nees zeréck a säin Amt gesat.
- 1791: Frankräich: Déi moderéiert Feuillants trieden aus dem Jakobinerklub aus.
- 1942: Rafle du Vélodrome d'hiver zu Paräis; iwwer 13.000 Judde gi vun der franséischer Police zesummegedriwwen a vun do aus a Konzentrations- a Vernichtungslager deportéiert.
- 1945: Déi éischt Atombomm explodéiert fir en Test an New Mexico (USA).
- 1965: De Mont-Blanc-Tunnel tëscht Frankräich an Italie geet op.
- 1969: Start vun Apollo 11.
- 1979: De Saddam Hussein gëtt irakesche President.
Lëtzebuerg
änneren- 1926: D'Regierung Bech gëtt vereedegt.
- 1973: D'Regierung ënnerschreift e Memeorandum of Understanding mat der RWE Essen, fir de Bau vun enger Atomzentral zu Remerschen ze plangen an dann duerchzeféieren.
- 1979: D'Regierung Werner-Thorn gëtt vereedegt.
Sport
änneren- 1952: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt op den Olympesche Summerspiller zu Lahti 5:3 géint Groussbritannien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jos Roller (3), Léon Letsch a Jules Gales geschoss.[1]
Gebuer
änneren-
Joshua Reynolds
-
Roald Amudsen
-
Trygve Lie
-
Ginger Rogers
-
Henri Losch
-
Henri Grethen
- 1723: Joshua Reynolds, englesche Moler.
- 1746: Giuseppe Piazzi, italieenesche Mathematiker, Astronom an Theolog.
- 1854: Joseph-Alexandre Muller, lëtzebuergesche Komponist.
- 1868: Felix Gredt, lëtzebuergesche Jurist an Auteur.
- 1872: Roald Amundsen, norwegesche Polarfuerscher.
- 1880: Walthère Dewé, belsche Resistenzler.
- 1894: Aloyse Hentgen, lëtzebuergesche Politiker.
- 1896: Trygve Lie, norwegesche Politiker an UNO-Generalsekretär.
- 1898: Raoul Weckbecker, lëtzebuergesche Bobsportler a Schileefer.
- 1907: Barbara Stanwyck, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1911: Ginger Rogers, US-amerikanesch Dänzerin a Schauspillerin.
- 1913: Peter van Eyck, hollännesch-amerikanesch-däitsche Museker a Schauspiller.
- 1926: F. C. Gundlach, däitsche Fotograf.
- 1927: Annette Schwall-Lacroix, lëtzebuergesch Juristin.
- 1930: Guy Béart, franséische Sänger a Komponist.
- 1931: Henri Losch, Lëtzebuerger Auteur a Schauspiller.
- 1933: Brad Harris, US-amerikanesche Bodybuilder a Schauspiller.
- 1934: George Hilton, uruguayesche Schauspiller.
- 1939: Ruth Perry, liberianesch Politikerin.
- 1939: Nicolas Ribowski, franséische Filmregisseur.
- 1946: Wladimir Alexandrowitsch Astapowski, russesche Foussballspiller
- 1950: Henri Grethen, lëtzebuergesche Politiker.
- 1964: Miguel Indurain, spuenesche Cyclist.
- 1967: Will Ferrell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1968: Larry Sanger, US-amerikanesche Philosophie-Professer a Matgrënner vun der Wikipedia.
- 1970: Pjotr Alexandrowitsch Klimow, russesche Komponist an Dichter.
- 1979: Joé Flick, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1982: André Greipel, däitsche Vëlossportler.
- 1986: Paulina Dąbrowska, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1989: Gilles Mangen, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 1990: Cathy Schmit, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
Gestuerwen
änneren- 1342: Károly I., Kinnek vun Ungarn.
- 1664: Andreas Gryphius, däitschen Dichter.
- 1918: Nikolai II., Zar vu Russland.
- 1974: Menotti Pozzacchio, lëtzebuergesche Gewiichtshiewer an Olympionik.
- 1979: Alfred Deller, englesche Kontertenor.
- 1979: Joseph Thorn, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1982: Patrick Dewaere, franséische Schauspiller.
- 1985: Heinrich Böll, däitsche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 1989: Herbert von Karajan, éisträichesche Dirigent.
- 2001: Morris, belsche Comic-Zeechner (Lucky Luke).
- 2005: Camille Felgen, lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimateur, Schlagertextschreiwer a Schauspiller.
- 2010: James Gammon, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2012: Jon Lord, brittesche Museker a Komponist.
- 2012: John Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 2014: Johnny Winter, US-amerikanesche Blues-Gittarist.
- 2017: George A. Romero, US-amerikanesche Regisseur.
- 2019: Johnny Clegg südafrikanesche Museker an Anthropolog.
- 2023: Jane Birkin: englesch Schauspillerin a Sängerin.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 16. Juli – Biller, Videoen oder Audiodateien |