Francis Blanche

franséische Schauspiller

De Francis Blanche, gebuer den 20. Juli 1921 zu Paräis an och do gestuerwen de 6. Juli 1974, war e franséische Schauspiller, Filmregisseur, Auteur a Lidderschreiwer.

Francis Blanche
Gebuertsnumm Francis Jean Blanche
Gebuer 20. Juli 1921
11. Arrondissement
Gestuerwen 6. Juli 1974
15. Arrondissement
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Komiker, Dréibuchauteur, Dichter, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Liddertexter, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur, Radiosspeaker

De Francis Blanche huet, nieft sengen Optrëtter am Theater, an enger 120 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Wichteg Filmer a senger Carrière ware Babette s'en va-t-en guerre (1959) vum Christian-Jaque, Les tontons flingueurs (1963) vum Georges Lautner weider dräi Filmer vum Jean-Pierre Mocky Un drôle de paroissien (1963), La grande frousse (1964) a Les compagnons de la marguerite (1967).

Hien huet d'Wierder vun enger 400 Lidder fir Sänger wéi Charles Trenet, Tino Rossi an Édith Piaf geschriwwen. Bekannt ass och den ironeschen Text Le Complexe de la Truite deen hien op dem Franz Schubert säi Lied Die Forelle geschriwwen huet, an dee vun de Frères Jacques gesonge gouf.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Regisseur änneren

als Schauspiller änneren

vun 1942 bis 1959 änneren
vun 1960 bis 1969 änneren
vun 1970 bis 1974 änneren

Literatur vum Francis Blanche änneren

  • Francis Blanche, Pensées, répliques et anecdotes, Jean-Marie Blanche Le Cherche midi
  • Francis Blanche, Mon oursin et moi, recueil de poésies, Le Castor Astral, 2006
  • Francis Blanche, Signé Francis Blanche, Le Castor Astral, novembre 2007

Literatur iwwer de Francis Blanche änneren

  • Claude Villers: Francis Blanche: Le tonton flingué, éd. Denoël, 2000 (Biographie)
  • Henri Marc: Francis Blanche: Biographie d'un Arlequin - Jean-Claude Lattès, (1990)

Um Spaweck änneren