De Michael Redgrave, gebuer als Michael Scudamore Redgrave den 20. Mäerz 1908 zu Bristol a gestuerwen den 21. Mäerz 1985 zu Denham, Buckinghamshire war en englesche Schauspiller an Auteur.

Michael Redgrave
Gebuertsnumm Michael Scudamore Redgrave
Gebuer 20. Mäerz 1908
Bristol
Gestuerwen 21. Mäerz 1985
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Magdalene College
Aktivitéit Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterregisseur, Filmregisseur, Theaterproduzent, Filmproduzent, Dréibuchauteur
Famill
Bestuet mat Rachel Kempson
Kanner Vanessa Redgrave, Corin Redgrave, Lynn Redgrave
De Michael Redgrave (1973)

Liewen änneren

De Michael Redgrave ass de Jong vum Schauspiller Roy Redgrave an der Schauspillerin Margaret Scudamore. Vum 20. Juli 1935 bis zu sengem Doud war hie mat der Schauspillerin Rachel Kempson bestuet. Hir dräi Kanner Lynn Redgrave, Corin Redgrave a Vanessa Redgrave hunn all de Schauspillerberuf ergraff. Vun hiren Enkelkanner sinn der och erëm dräi Schauspiller an zwar d'Natasha Richardson, d'Joely Richardson an d'Jemma Redgrave.

1934 huet de Michael Redgrave seng Karriär am Theater zu Liverpool ugefaangen.1938 huet hie seng éischt Roll am Kino gespillt an dat am Filmklassiker The Lady Vanishes, vum Alfred Hitchcock. Aner bedeitend Filmer mat him sinn The Importance of Being Earnest (1952) vum Anthony Asquith, The Innocents (1961) vum Jack Clayton, The Loneliness of the Long Distance Runner (1962) vum Tony Richardson an The Go-Between (1970) vum Joseph Losey.

Bei de 4. Filmfestspiller vu Cannes huet de Michael Redgrave 1951 de Präis als beschte Schauspiller fir seng Roll an The Browning Version gewonnen.

Filmographie änneren

Kino änneren

de Redgrave als Auteur änneren

  • Water Music for a Botanist, W. Heffer, Cambridge (1929)
  • The Actor's Ways and Means, Heinemann (1953)
  • Mask or Face: Reflections in an Actor's Mirror, Heinemann (1958)
  • The Mountebank's Tale, Heinemann (1959)
  • In My Mind's I: An Actor's Autobiography, Viking (1983) ISBN 0-670-14233-6

Um Spaweck änneren