Jack Palance

US-amerikanesche Schauspiller

Den Jack Palance, gebuer als Wolodymyr Iwanowitsch Palagnjuk den 18. Februar 1919 zu Lattimer Mines a Pennsylvania a gestuerwen den 10. November 2006 zu Montecito a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.

Jack Palance
Gebuertsnumm Volodymyr Palahniuk
Gebuer 18. Februar 1919
Gestuerwen 10. November 2006
Montecito
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Stanford University
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Boxer, Mannequin
Partei CRP
Den Jack Palance (2005)

Den Jack Palance war Biergaarbechter duerno ënner dem Numm Jack Brazzo Boxer. An Zweete Weltkrich war hien an der US Army Air Force.

Säin éischten Optrëtt als Schauspiller hat hien am Joer 1949 an enger Episod vun der TV-Serie Hands of Murder. Am Joer duerno krut hien och seng éischt Kinosroll am Film Panic in the Streets vum Elia Kazan.

Bedeitend US-amerikanesch Filmer mam Palance sinn de Western: Shane (1953) vum George Stevens, de Film noir The Big Knife (1955) vum Robert Aldrich, de Krichsfilm Attack (1956) och vum Robert Aldrich an de Western The Professionals (1966) vum Richard Brooks. An Europa huet hien a ville Genrefilmer wéi dem historeschen Abenteuerfilm I mongoli (1961) vum André De Toth a Leopoldo Savona, dem Italowestern Il mercenario (1968) vum Sergio Corbucci, dem Abenteuerfilm Africa Express (1976) vum Michele Lupo an dem Erotikfilm Marquis de Sade: Justine (1969) vum Jess Franco matgespillt. Seng wichtegst europäesch Filmer sinn Le mépris (1963) vum Jean-Luc Godard an Out of Rosenheim (1987) vum: Percy Adlon.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

TV änneren

Video änneren

Auszeechnungen änneren

  • 1992: Oscar als beschte Schauspiller an enger Nieweroll am Film City Slickers (1991).

Um Spaweck änneren

Commons: Jack Palance – Biller, Videoen oder Audiodateien