Krankheet

negativen Impakt op d'Gesondheet, duerch d'Stéirung vun der Funktioun vun engem Organ, der Psyche oder dem gesamten Organismus

Eng Krankheet ass e kierperlechen oder geeschtegen Zoustand vu reduzéierter Leeschtungsfäegkeet, deen déi normal Funktiounsweis vun engem Liewewiese stéiert. Nieft dem Mënsch kënnen och Déieren a Planze krank ginn.

Eng Infirmière nieft dem Bett vun enger kranker Fra.

E kranken Organismus huet säi gesond Gläichgewiicht verluer. Krankheet geet dacks Hand an Hand mat Symptomer, déi op den anormalen Zoustand hiweisen. Wéinst dem breede Spektrum vu Krankheeten ass eng eendeiteg Definitioun vum Begrëff Krankheet net ëmmer méiglech. Et ass och net ëmmer méiglech, eng kloer a schaarf Trennung tëscht der Krankheet an der Gesondheet z'etabléieren. Dat wat "normal" (gesond) an dat wat net "normal" (krank) ass, gëtt deels kulturell bestëmmt.[1]

Krankheeten, déi beim Mënsch dacks virkommen, si Grippen, Virusinfektioune vun den Otemweeër, a psychesch Krankheete wéi Depressiounen. Geleefeg Krankheeten, déi zum Doud féiere kënnen, si Kriibserkrankungen an Häerz- a Gefäässerkrankungen.

No enger Krankheet kann e Liewewiese stierwen oder erëm gesond ginn, oder awer e permanente Schued dovundroen (beim Mënsch zum Beispill eng Behënnerung). An der Preventioun geet et dorëm, fir Moossnamen ze huelen, fir d'Opkomme vu Krankheeten z'evitéieren.

E Mënsch, bei deem eng Krankheet behandelt gëtt, heescht Patient oder Patientin.

An der Medezin ass d'Pathologie d'Fachgebitt, dat déi verschidde Stadiume vun der Krankheet, déi noenee kommen, ënnersicht. Méi spezifesch ass et d'Etiologie, déi d'Ursaache vun de Krankheeten ënnersicht, an d'Pathogenees déi de Verlaf vun de Krankheeten analyséiert. D'Medezin ass ënnerdeelt a Fachgebidder, déi sech op ënnerschiddlech Krankheetsbiller spezialiséieren. Esou befaasst sech d'Onkologie mam Kriibs, d'Kardiologie mam Häerz, d'Gastro-Enterologie mam Verdauungssystem an d'Psychiatrie mat psychesche Stéierungen.

Eng Epidemie ass eng Massenerkrankung, déi zäitlech a lokal begrenzt an engem besonnesch staark Mooss optrëtt. Eng Pandemie ass eng Epidemie op globalem Niveau.

Um Spaweck änneren

Commons: Krankheeten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Deutscher Caritasverband: Wie mit anderen Vorstellungen von Gesundheit und Krankheit umgehen? Empfehlungen und Hintergründe für eine kultursensible Beratung (Januar 2020)