De Claus Holm, gebuer als Helmut Gerhard Ozygus de 4. August 1918 zu Bochum-Werne an Däitschland a gestuerwen den 21. September 1996 zu Berlin, war en däitsche Film- an Theaterschauspiller a Boxer.[1]

Claus Holm
HolmClaus.jpg
De Claus Holm (ëm 1955)
Gebuertsnumm Helmut Gerhard Ozygus
Gebuer 4. August 1918
Bochum
Gestuerwen 21. September 1996
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Bekannt Filmer vum Claus Holm sinn Nachts, wenn der Teufel kam (1957) vum Robert Siodmak a déi a Frankräich vun der Filmkritik héich gelueft Filmer vum Fritz Lang Der Tiger von Eschnapur (1959) an Das indische Grabmal (1959), an deenen och de lëtzebuergesche Schauspiller René Deltgen matgespillt huet.

Zum Schluss vu senger Carrière war hie nach an zwee Wierker vum Rainer Werner Fassbinder zu gesinn an zwar am Film Die Ehe der Maria Braun souwéi an der TV-Verfilmung vum Alfred Döblin sengem Roman Berlin Alexanderplatz.

FilmographieÄnneren

KinoÄnneren

vun 1943 bis 1949Änneren

vun 1950 bis 1959Änneren

vun 1960 bis 1969Änneren

vun 1970 bis 1979Änneren

TV (Auswiel)Änneren

  • 1964: Raumpatrouille - Die phantastischen Abenteuer des Raumschiffes Orion, (TV-Serie), (7 Episoden)
  • 1978: Der Senator, vum Günter Gräwert
  • 1978: Berlin Alexanderplatz, vum Rainer Werner Fassbinder (TV-Serie), (14 Episoden)

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Kuerz Biographie op Englesch