Horst Frank
Den Horst Bernhard Wilhelm Frank, gebuer den 28. Mee 1929 zu Lübeck, a gestuerwen de 25. Mee 1999 zu Heidelberg, war en däitsche Schauspiller.
Horst Frank | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
28. Mee 1929 Lübeck |
Gestuerwen |
25. Mee 1999 Heidelberg |
Doudesursaach | Hireschlag |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Schauspiller, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Synchronspriecher |
Säi LiewenÄnneren
Den Horst Frank huet zu Hamburg d'Schauspillschoul besicht.
No der Schauspillschoul huet en zu Lübeck, Bonn, Baden-Baden, Basel a Wuppertal Theater gespillt.
Seng éischt Filmroll hat hien 1957 am Krichsfilm Der Stern von Afrika.
Duerno huet en nach a weidere Krichsfilmer wéi Haie und kleine Fische an Hunde, wollt ihr ewig leben matgespillt.
Hie war vun Ufank un op d'Roll vum Béisen a senge Filmer festgeneelt, sou huet en e Mäerder an de Filmer Das Mädchen vom Moorhof, nom Roman vun der Selma Lagerlöf, an am Kriminalfilm Der Greifer duergestallt.
Hien huet awer net nëmmen an däitsche Filmer matgewierkt, a Frankräich huet hien ënner sou bekannte Regisseure wéi Georges Lautner, Claude Autant-Lara an Henri Decoin gespillt.
Am italieenesche Film konnt een den Horst Frank och dacks gesinn. Hien huet net nëmme Rollen a Krimien an a Krichsfilmer gespillt, haaptsächlech war en a Spaghetti-Western ze gesinn.
Als Filmpartner hat hie sou bekannt Schauspiller wéi Karl Malden, Carroll Baker, Lee van Cleef, Hardy Krüger, Geraldine Chaplin an Hans Albers.
An de 70er Jore war den Horst Frank reegelméisseg op der Televisoun ze gesinn, an dat besonnesch a Fernsehserië wéi Der Kommissar, Der Alte, Derrick oder Tatort.
1973 fänkt de Frank erëm un, Theater ze spillen. Mat enger eegener Inszenéierung vum Noel Coward sengem Fröhliche Geister geet en op Tournee. Ënner dem Peter Zadek spillt en 1992 Der blaue Engel an e puer Woche viru sengem Doud ass hien zu München opgetrueden an dem Woody Allen sengem Kaméidistéck Kugeln überm Broadway (Bullets over Broadway) ënner der Regie vum Volker Lechtenbrink. Dat war awer ze vill fir de Frank an e wollt sech an enger Privatklinik vun de Strapazen erhuelen.
Dräi Deeg viru sengem 70. Gebuertsdag, de 25. Mee 1999 owes géint néng Auer ass den Horst Frank an der Heidelberger Universitéitsklinik gestuerwen.
Den Horst Frank war véiermol bestuet, fir d'lescht mat der Schauspillerin Brigitte Kollecker. Aus sengem éischte Bestietnes stammt ee Jong. Mat senger zweeter Fra, der Schauspillerin Chariklia Baxevanos hat hien e Meedchen.
GielercherÄnneren
- 1958 krut den Horst Frank de Preis der Deutschen Filmkritik als "Beschten däitschen Nowuesschauspiller" am Film Haie und kleine Fische
- 1973 gouf hien Éierebierger vun der franséischer Stad Cognac.
CDenÄnneren
- Am September 1989 koum bei Bellaphon Records eng CD eraus mat 15 Lidder. Den Horst Frank séngt ënner anerem: Geboren - In Liebe?, Schlafe,Gute Mutter Erde, Meine Kinder sollen lachen.
LiteraturÄnneren
- Horst Frank: Leben heißt Leben. Erinnerungen, München, 1981
- Horst Frank: Wenn ich im Spiegel mich beschau... Gedichte, Frankfurt a.M., 1989, R. G. Fischer Verlag
- Doraus:
Jung-Dracula
In der Vampirerei
....
bin ich ein Kuckucksei,
mir fehlt die richt'ge Lust
und auch der Schmiß -
selbst wenn es zwölfe schlägt
kein Appetit sich regt
nach einer Mädchenbrust
und einem Biß -
....
TrivialesÄnneren
- Am Film Cariño mío (Die Liebe ist ein seltsames Spiel)", enger spuenesch-däitscher Koproduktioun vum Rafael Gil, spillt de Frank mat der Lëtzebuergerin Germaine Damar.
- An der Serie Der Kommissar (mam Erik Ode als Kommissar) ass an der Folleg 43 Traum eines Wahnsinnigen (aus dem Joer 1972) den Horst Frank an enger fënneffacher Roll ze gesinn. Hie spillt doran de Verwandlungskënschtler Kabisch, dee fir dem Kommissar z'entwutschen, sech ëmmer nees hanner anere Maske verstoppt.
Seng FilmerÄnneren
KinofilmerÄnneren
- Der Stern von Afrika (1957) vum Alfred Weidenmann
- Haie und kleine Fische (1957) vum Frank Wisbar
- Der Greifer (1958) vum Eugen York
- Blitzmädels an die Front (1958) vum Werner Klingler
- Das Mädchen Rosemarie (1958) vum Rolf Thiele
- Das Mädchen vom Moorhof (1958) vum Gustav Ucicky
- Schwarze Nylons – Heiße Nächte (1958) vum Alfred Braun
- Meine 99 Bräute (1958) vum Älfred Vohrer
- Hunde, wollt ihr ewig leben (1959) vum Frank Wisbar
- Lupi nell'abisso (1959) vum Silvio Amadio
- Die Nackte und der Satan (1959) vum Victor Trivas
- Abschied von den Wolken (1959) vum Gottfried Reinhardt
- La chatte sort ses griffes (1960) vum Henri Decoin
- Bumerang (1960) vum Alfred Weidenmann
- Kein Engel ist so rein (1960) vum Wolfgang Becker
- Die zornigen jungen Männer (1960) vum Wolf Rilla
- Le bois des amants (1960) vum Claude Autant-Lara
- Fabrik der Offiziere (1960) vum Frank Wisbar
- Tu ne tueras point (1961) vum Claude Autant-Lara
- Treibjagd auf ein Leben (1961) vum Ralph Lothar
- Cariño mio (1961) vum Rafael Gil
- Unser Haus in Kamerun (1961) vum Alfred Vohrer
- Haß ohne Gnade (1962) vum Ralph Lothar
- Heißer Hafen Hong Kong (1962) vum Jürgen Roland
- Zwischen Schanghai und St. Pauli (1962) vum Wolfgang Schleif
- Les tontons flingueurs (1963) vum Georges Lautner
- Die weiße Spinne (1963) vum Harald Reinl
- Der schwarze Panther von Ratana (1963) vum Jürgen Roland
- Winnetou - 2. Teil (1964) vum Harald Reinl
- Die Diamantenhölle am Mekong (1964) vum Gianfanco Parolini
- Weiße Fracht für Hongkong (1964) vum Helmut Ashley
- Die Tote von Beverly Hills (1964) vum Michael Pfleghar
- Die Goldsucher von Arkansas (1964) vum Paul Martin
- Le pistole non discutono (1964) vum Mario Caiano
- Die Flußpiraten vom Mississippi (1964)vum Jürgen Roland
- Das Geheimnis der chinesischen Nelke (1964) vum Rudolf Zehetgruber
- Das Geheimnis der drei Dschunken (1965) vum Ernst Hofbauer
- Der Fluch des schwarzen Rubins (1965) vum Alberto Cardone
- Die schwarzen Adler von Santa Fe (1965) vum Alberto Cardone
- Corrida pour un espion (1965) vum Maurice Labro
- Fünf vor zwölf in Caracas (1966) vum Marcello Baldi
- I Deal In Danger (1966) vum Walter Grauman
- Safari diamants (1966) vum Michel Drach
- Um Null Uhr schnappt die Falle zu (1966) vum Harald Philipp
- Die letzten drei der Albatros (1965) vum Wolfgang Becker
- Eine Handvoll Helden (1967) vum Fritz Umgelter
- Geheimnisse in goldenen Nylons (1967) vum Christian-Jacque
- Attentato ai tre grandi (1967) vum Umberto Lenzi
- The Vengeance of Fu Manchu (1967) vum Jeremy Summers
- Il momento di uccidere (1968) vum Giuliano Carnimeao
- Odia il prossimo tuo (1968) vum Ferdinando Baldi
- Preparati la bara! (1968) vum Ferdinando Baldi
- ... Quella sporca storia nel west (1968) vum Enzo G. Castellari
- Catherine, il suffit d'un amour (1969) vum Bernard Borderie
- Porta del cannone(1969) vum Leopoldo Savona
- Così dolce... così perversa (1969) vum Umberto Lenzi
- Die Engel von St. Pauli (1969) vum Jürgen Roland
- Marquis de Sade: Justine (1969) vum Jesús Franco
- Jaque mate (1969) vum Claude Carliez
- Frisch, fromm, fröhlich, frei (1970) vum Rolf Thiele
- Das Glöcklein unterm Himmelbett (1970) vum Hans Heinrich
- Fluchtweg St. Pauli - Großalarm für die Davidswache (1971) vum Wolfgang Staudte
- Der scharfe Heinrich (1971) vum Rolf Thiele
- Und Jimmy ging zum Regenbogen (1971) vum Alfred Vohrer
- Il gatto a nove code (1971) vum Dario Argento
- Carlos (1971) vum Hans W. Geissendörfer
- Il grande duellol (1972)) vum Giancarlo Santi
- L'etrusco uccide ancora (1972) vum Armando Crispino
- L'occhio nel labirinto (1972) vum Mario Caiano
- Carambola (1973) vum Ferdinando Baldi
- Das Amulett des Todes (1975) vum Ralf Gregem
- Auch Mimosen wollen blühen (1975) vum Helmut Meeves
- Albino (1976) vum Jürgen Goslar
- Rosemaries Tochter (1976) vum Rolf Thiele
- Die Elixiere des Teufels (1976) Manfred Purzer
- Operation Ganymed (1977) vum Rainer Erler
- Das Gesetz des Clans (1977 vum Eugen York
- Das Traumhaus (1980) vum Ulrich Schamoni
- Die Menschen sind kalt (1998) vum Andreas Dorau
Televisiounsfilmer (Auswiel)Änneren
- Blick zurück im Zorn (1958)
- Bei Tag und bei Nacht oder Der Hund des Gärtners (1957)
- Caligula (1966)
- Die Journalistin (1970) TV Serie
- Täter auf der Spur - Dem Tod am Steuer (1971)
- Täter auf der Spur - Tod in der Maske (1972)
- Tausend Francs Belohnung (1974)
- Schließfach 763 (1975)
- Spiel zu zweit (1975)
- Herbstzeitlosen (1975)
- Der Winter, der ein Sommer war (1976) TV Serie
- Das Lamm des Armen (1978)
- Wie Rauch und Staub (1979)
- Wege in der Nacht (1979)
- Timm Thaler (1979) TV Serie
- Wo die Liebe hinfällt (1979)
- Das Traumhaus (1980)
- Warnung aus dem Käfig (1981)
- Flächenbrand (1981)
- Mandara (1983) TV Serie
- L'homme de Suez (1984) TV Serie
- Der Besuch (1984)
- Losberg (1986)
- Tatort - Pleitegeier (1988)
- Rivalen der Rennbahn (1989) TV Serie
- Das Erbe der Guldenburgs (1987) TV Serie
- Safari (1991)
- Tatort - Stoevers Fall (1992)
- Cluedo - Das Mörderspiel (1993) TV Serie
- Tatort - Tod eines Polizisten (1995)
- Katharina die Große (1995)
- Sünde einer Nacht (1996)
- Tatort - Ausgespielt (1997)
- Tatort - Undercover Camping (1997. .
- Duell zu dritt (1997) TV Serie
- Geiselfahrt ins Paradies (1998)
- Zwei allein (1998) TV Serie
- Polizeiruf 110 - Rasputin (1999)