Dan Theis
Den Daniel ("Dan" oder "Dany") Theis, gebuer den 11. September 1967 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 29. Dezember 2022[1], war e lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller[2]
Dan Theis | |
---|---|
Gebuertsnumm | Daniel Theis |
Gebuer |
11. September 1967 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 29. Dezember 2022 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Veräin/Ekipp |
Jeunesse Esch, Union Lëtzebuerg, Avenir Beggen, Progrès Nidderkuer, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Famill | |
Papp | Marcel Theis |
Tëscht dem 12. Oktober 1991 am 15. August 2001 huet den Dan Theis 33-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[3]. An der EM-Qualifikatioun géint England, de 14. Oktober 1998, hat den Dan Theis beim Stand vun 0 - 0 déi eemoleg Chance, Lëtzebuerg duerch en Eelefmeter a Féierung ze bréngen. Säi Schoss goung awer iwwer de Gol[4].
Vun 1986 bis 1999 huet den Dan Theis bei der Jeunesse Esch gespillt. An der Saison 1999/2000 war hie bei der Union Lëtzebuerg, déi Saison duerno beim Avenir Beggen an an der Saison 2001/02 beim Progrès Nidderkuer[5].
Als Trainer war hie vun 2003 bis 2006 beim FC Déifferdeng 03 an duerno vun 2006 bis 2009 als Trainer vun der U19 Foussballnationalekipp bei der FLF. Vun 2009 bis 2011 war hien du nees beim FC Déifferdeng 03, ier hie vun Abrëll bis Oktober 2011 beim F91 Diddeleng war wou hien d'éischt fir d'U19 zoustänneg war an duerno fir déi éischt Ekipp[6].
Zanter dem 5. Mäerz 2012 war hie fir d'Saison 2012 den Trainer vum Swift. Vum 1. 1. 2013 bis den 30. 6. 2015 war hien erëm bei der Jeunesse Esch, fir d'Saison 2015/2016 huet hie Victoria Rouspert trainéiert. An der Saison 2016/2017 war hien Trainer beim UN Käerjéng 97, duerno 2017/2018 beim FC Déifferdeng 03. Als leschten Trainerposten war hien an der Saison 2018/2019 an 2019/2020 erëm Trainer vum Swift Hesper.[7]
Referenzen
änneren- ↑ Der Fußball in Trauer: Dan Theis ist tot!. FuPa. Gekuckt de(n) 2022-12-31.
- ↑ Den Dany Theis op der Websäit vun der Football Database.eu
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Dany Theis op der Websäit vun European Football
- ↑ Lëtzebuerg - England: 0 - 3 Dem Dan Theis säin Eelefmeter op YouTube
- ↑ Den Dany Theis op der Websäit vun National Football Teams
- ↑ Dem Dan Theis seng Carrière als Trainer op der Websäit transfermarkt
- ↑ Dan Theis op Transfermarkt. de. Gekuckt de(n) 1.1.2023.