Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Peking
北京市 (Běijīng Shì)
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: China
Regierungsonmëttelbar Stad: Peking
Koordinaten: 039° 55' 44" N
116° 23' 18" E
Fläch: 16.807,8 km²
Awunner: 19.612.000 (2011)
Bevëlkerungsdicht: 1.167 Aw./km²
Héicht: 63 m
Zäitzon: UTC+8

Peking oder och Beijing (chin. 北京, Běijīng, W.-G. Pei-ching), iwwersat d'Haaptstad vum Norden, ass d'Haaptstad vun der Volleksrepublik China.

Den Himmelstempel
D'keeserlech Gäert vu Peking mam Summerpalais
Aner Foto vun de keeserleche Gäert zu Peking

Kuckeswäertes änneren

Monumenter a Gebaier änneren

  • Tiananmen-Plaz (Plaz vum himmlesche Fridden)
    • Op dëser Plaz hu sech grouss Ereegnesser ofgespillt:
      • 04. Mee 1919: China krut duerch de Versailler Vertrag gewëss Héiheetsrechter an der Provënz Shandong net méi zeréck, mä déi Regioun ass e japanescht Protektorat ginn. Duergéint hunn deemools op der Tianamen-Plaz méi wéi 3000 Studente protestéiert.
      • 04. Abrëll 1976: Um chineesesche Gedenkdag un déi Doudeg hat d'Bevëlkerung do Kränz a Blummen zu Éiere vum beléiften, kuerz virdrun verstuerwenen, Ministerpresident Zhou Enlai néiergeluecht. Well dat de Politiker um Rudder net gepasst huet, goufen dës Blummen ewechgeraumt. Dausende vu Chinesen hunn den Dag drop hei dergéint protestéiert. Dës friddlech Demonstratioune goufe vun der Police an dem Militär mat Gewalt opgeléist.
      • 04. Juni 1989: Dat ass den Dag vum sougenannten Tiananmen-Massaker. Hei op der Plaz vum himmlesche Fridden hunn d'Protester vun der chineesescher Demokratiebeweegung, déi méintelang zu Peking gedauert hunn, e bluddegt Enn fonnt. Et gouf do vill Doudeger, wéi d'Plaz mat Gewalt geraumt gouf.
  • Verbuede Stad. Et ass e Site mat typsche chineesesche Bauten,
  • Himmelstempel an der Verbuedener Stad. Den Himmelstempel gouf 1998 vun der UNESCO op hir Lëscht vum Weltierwen agedroen.
  • Summerpalais an d'keeserlech Gäert
  • Déi grouss Chineesesch Mauer zu Badaling, Mutianyu, Jinshaling an Simatai ass mat enger Längt vu 6400 km dat längst Bauwierk op der Welt. Si gouf 1987 vun der UNESCO op hir Lëscht vum Weltierwe gesat.
 
E Symbol vu Peking: D'chineesesch Mauer

Transportinfrastrukturen änneren

Peking profitéiert vu

  • 9 Autostroossen, huet
  • 1 Fluchhafen, op d'mannst
  • 4 Garen a
  • 5 Peripheriquë rondrëm d'Stad
  • Am Zenter vun der Stad läit d'Tianamenplaz, vu wou aus een an déi Verbuede Stad kënnt.

Fotoalbum vu Peking änneren

Um Spaweck änneren


Commons: Peking – Biller, Videoen oder Audiodateien