David Sassoli

italieenesche Journalist a Politiker

Den David-Maria Sassoli [sasˈsɔːli], gebuer den 30. Mee 1956 zu Florenz, a gestuerwen den 11. Januar 2022 zu Aviano, war en italieenesche Journalist a Politiker (Partito Democratico, PD). Hie war vun 2009 bis zu sengem Doud Deputéierten am Europäesche Parlament. Dovu war hie vun 2014 bis 2019 Vizepresident a vum 3. Juli 2019 bis zu sengem Doud de President.[1]

David Sassoli
Gebuertsnumm David-Maria Sassoli
Gebuer 30. Mee 1956
Florenz
Gestuerwen 11. Januar 2022
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Italien
Educatioun Universitéit vu Florenz
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei Partito Democratico

Liewen änneren

Den David Sassoli huet op der Universitéit Florenz Politikwëssenschaft studéiert an huet dono als Journalist geschafft. Nodeems e Mataarbechter vu Lokalzeitungen a bei Presseagencë war, gouf en 1985 Member vun der réimescher Redaktioun vun Il Giorno. 1992 ass hie bei déi public Televisioun gewiesselt, wou en ufanks beim Telegiornale 3 vu Rai 3 geschafft huet, 1996–97 bei La cronaca in diretta vu Rai 2 a vun 1999 un als Sonnerkorrespondent vum TG1, der Haaptnoriichtenemissioun vu Rai 1. 2007 gouf e Vizedirekter vum TG1 a Responsabel fir TV7 a Speciale TG1, zwou Emissioune mat politeschen Hannergrondinformatiounen. Vun 2004 bis 2007 war hie President vum réimesche Journalisteverband (Associazione Stampa Romana), an en huet sech ausserdeem an der Associatioun Articolo 21 engagéiert, déi sech fir Meenungs- a Pressefräiheet asetzt.[2]

 
De Sassoli als President vum Europaparlament bei der Ouverture vun der Parlamentssessioun am November 2019.

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 war de Sassoli Spëtzekandidat vun der Partito Democratico an Zentralitalien a gouf an d'Parlament gewielt, wou e Member vun der Fraktioun vun der Progressiver Allianz vun de Sozialdemokraten am Europäeschen Parlament (S&D) war. Bei den Europawalen 2014 gouf hien erëmgewielt a gouf Vizepresident vum Europaparlament.

2019 gouf en no senger erneiter Wal fir zweeanenhalleft Joer zum President vum Europäesche Parlament gewielt.

Hie krut seng Mandatszäit knapps net méi ausgefëllt; hien ass den 11. Januar 2022 gestuerwen. D'Malteeserin Roberta Metsola gouf seng Nofollgerin.

Um Spaweck änneren

Commons: David Sassoli – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "David Sassoli wird neuer EU-Parlamentspräsident.". zeit.de, 3. Juli 2019; gekuckt den 11. Januar 2022.
  2. Gianmichele Laino: David Sassoli presidente, l’ennesimo schiaffo UE a Salvini, al M5S e a Conte. In: Giornalettismo, 3. Juli 2019; gekuckt den 11. Januar 2022.