Franséisch Foussballnationalekipp
Frankräich | |||
Spëtznumm: | Équipe Tricolore, Les Bleus, Les Tricolores | ||
Federatioun: | FFF | ||
Trainer: | Didier Deschamps | ||
Meescht Matcher: | Lilian Thuram (142) | ||
Meescht Goler: | Thierry Henry (51) | ||
Stadion: | Stade de France | ||
Historesch Matcher | |||
Éischte Match: | Frankräich - Belsch: 3-3 1. Mee 1904, Bréissel | ||
Héchst Victoire: | Frankräich - Aserbaidjan: 10-0 6. September 1995, Auxerre | ||
Héchst Nidderlag: | Dänemark - Frankräich: 17-1 22. Oktober 1908, London | ||
Weltmeeschterschaft | |||
Participatioun: | 16 x (fir d'éischt 1930) | ||
Bescht Resultat: | Weltmeeschter 1998, 2018 | ||
Europameeschterschaft | |||
Participatioun: | 9 x (fir d'éischt 1960) | ||
Bescht Resultat: | Europameeschter 1984 an 2000 | ||
|
D'Franséisch Foussballnationalekipp vun de Männer, déi sougenannt Équipe Tricolore (nom franséische Fändel) oder kuerz Les Bleus wéinst den traditionell bloen Trikoten, ass eng vun deenen erfollegräichsten Nationalekippen am Foussball. Frankräich huet zweemol d'Foussball-Weltmeeschterschaft an zweemol d'Foussball-Europameeschterschaft gewonnen.
An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Franséisch Nationalekipp op der 2. Plaz (Stand: 21. Dezember 2023).
Geschicht
ännerenDe franséische Foussballdaachverband ass zanter 1919 d'Fédération Française de Football (FFF) a war 1954 ee vun de Grënnungsmembere vun der UEFA. Frankräich huet och fir d'éischt scho ganz fréi eng Weltmeeschterschaft ausgeriicht, nämlech d'WM 1938.
En éischte groussen internationalen Titel huet d'franséisch Nationalekipp allerdéngs eréischt an den 80er Jore gewonnen: Ënner der Féierung vum Michel Platini gouf d'Ekipp Tricolore op der EM 1984 am eegene Land Europameeschter, an ass op der WM 1982 a Spuenien an op der WM 1986 a Mexiko all Kéier d'Halleffinall komm. Nodeem de Kär vun dëse béiden Teams hir Carrière ofgeschloss hat, gouf et zunächst mol keen Erfolleg méi, a si hu béid Weltmeeschterschafts-Qualifikatiounen 1990 an 1994 verpasst.
Bei der WM 1998 am eegene Land gouf d'Ekipp Weltmeeschter. Als beschte Spiller vun dëser Zäit waren de Golkipp Fabien Barthez, Ofwierspiller a Kapitän Laurent Blanc souwéi den onverkennbare Regisseur Zinedine Zidane. An der Finall huet Frankräich déi favoriséiert brasilianesch Eelef mat 3:0 geschloen.
Frankräich huet säin Erfolleg dunn zwee Joer méi spéit confirméiere kënnen. Bei der EM 2000 an Holland an an der Belsch, hu si géint d'Italieenesch Foussballnationalekipp an der Finall mat 2:1 no Golden Goal gewonnen a sech den Titel geholl.
Participatioune un internationalen Turnéier
ännerenDe Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Foussball-Europameeschterschaft (sechsmol)
änneren- 1. EM 1960 a Frankräich / 4. Plaz
- 7. EM 1984 a Frankräich / Europameeschter
- 9. EM 1992 a Schweden / Virronn
- 10. EM 1996 an England / Halleffinall
- 11. EM 2000 an der Belsch an Holland / Europameeschter
- 12. EM 2004 a Portugal / Véirelsfinall
Foussball-Weltmeeschterschaft
änneren1930 an Uruguay | Virronn |
1934 an Italien | Aachtelfinall |
1938 a Frankräich | Véirelsfinall |
1950 a Brasilien | op d'Ennronn verzicht |
1954 an der Schwäiz | Virronn |
1958 a Schweden | 3. Plaz |
1962 am Chile | net qualifizéiert |
1966 an England | Virronn |
1970 a Mexiko | net qualifizéiert |
1974 an Däitschland | net qualifizéiert |
1978 an Argentinien | Virronn |
1982 a Spuenien | 4. Plaz |
1986 a Mexiko | 3. Plaz |
1990 an Italien | net qualifizéiert |
1994 an den USA | net qualifizéiert |
1998 a Frankräich | Weltmeeschter |
2002 a Südkorea/Japan | Virronn |
2006 an Däitschland | 2. Plaz |
2010 a Südafrika | Virronn |
Auszeechnungen/Titel
änneren- WM (1) - 1998
- EM (2) - 1984, 2000
- Foussball-Olympiagewënner (1) - 1984
- Konföderatiounen-Pokal (2) - 2001, 2003
Aktuelle Kader
ännerenDe Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Gol:
Ofwier:
- Éric Abidal (Olympique Lyon)
- Jean-Alain Boumsong (Newcastle United)
- William Gallas (Chelsea London)
- Gaël Givet (AS Monaco)
- Franck Jurietti (Girondins Bordeaux)
- Anthony Réveillère (Olympique Lyon)
- Willy Sagnol (Bayern München)
- Lilian Thuram (Juventus Turin)
Mëttelfeld:
- Alou Diarra (RC Lens)
- Vikash Dhorasoo (Paris Saint-Germain)
- Ludovic Giuly (FC Barcelona)
- Sidney Govou (Olympique Lyon)
- Claude Makélélé (Chelsea London)
- Florent Malouda (Olympique Lyon)
- Jérôme Rothen (Paris Saint-Germain)
- Patrick Vieira (Juventus Turin)
- Zinédine Zidane (Real Madrid)
Ugrëff:
Nationaltrainer
ännerenVun 1904 (1. offizielle Lännermatch) bis 1919 (Grënnung vum Daachverband FFF) gouf d'Nationalekipp vum Comité Français Interfédéral opgestallt. Gemeinsamen Training vun den Nationalspiller an domat d'Plaz vun engem Nationaltrainer waren zu där Zäit net nëmmen a Frankräich onbekannt. Vun 1919 bis 1964 gouf et zwar zäitweis Nationaltrainer am haitege Sënn, awer de Spill-Kader gouf fir all Lännermatch vun engem Selektiounskommitee vun der FFF festgeluecht, dee sech aus zwéin oder dräi "Techneschen Direkteren" zesummegesat huet an zu deenen zanter 1955 reegelméisseg och den eigentlechen Trainer gehéiert huet. Dowéinst gëtt den Nationaltrainer a Frankräich haut och nach als Selectionneur bezeechent.
Lëscht vun den Trainer
ännerenA Klameren hanner dem Numm ass ëmmer d'Zuel vun den offizielle Lännermatcher wärend senger Amtszäit uginn.
- 17. Mäerz 1955 - 5. Mai 1962: Albert Batteux (56)
- Oktober 1960 - Juli 1964 (ufanks mam Batteux): Georges Verriest (25)
- 12. Juli 1964 - 3. September 1966: Henri Guérin (15)
- 3. September 1966 - 20. Januar 1967: Jean Snella und José Arribas (4)
- 22. Mäerz 1967 - 3. Juni 1967: Just Fontaine (2)
- 17. September 1967 - 6. November 1968: Louis Dugauguez (9)
- 2. Mäerz 1969 - 26. Mee 1973: Georges Boulogne (31)
- 8. September 1973 - 15. November 1975: Stefan Kovacs (15)
- 1. Januar 1976 - 27. Juni 1984: Michel Hidalgo (75)
- 30. Juni 1984 - 22. Oktober 1988: Henri Michel (36)
- 3. November 1988 - 2. Juli 1992: Michel Platini (29)
- 9. Juli 1992 - 25. November 1993: Gérard Houllier (12)
- 17. Dezember 1993 - 27. Juli 1998: Aimé Jacquet (53)
- 27. Juli 1998 - 5. Juli 2002: Roger Lemerre (53)
- 17. Juli 2002 - 30. Juni 2004: Jacques Santini (28)
- 12. Juli 2004 - 22. Juli 2010: Raymond Domenech (79)
- 1. Juli 2010 - 30. Juni 2012: Laurent Blanc (27)
- zanter dem 9. Juli 2012: Didier Deschamps (138)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Franséisch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien |