1. Januar
Datum
<< | Januar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2024 |
Den 1. Januar ass den 1. Dag vum Joer am Julianeschen an am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 534: Mam Decimus Theodorius Paulinus gëtt de leschte Konsul am Weste bestëmmt.
- 1800: Frankräich: Installatioun vum Tribunat a vum Corps léglislatif.
- 1900: Nigeria gëtt brittescht Protektorat.
- 1901: Mam Commonwealth of Australia Constitution Act gëtt Australien onofhängeg vu Groussbritannien.
- 1954: Lëtzebuerg: Déi éischt Nummer vum Lëtzebuerger Land kënnt eraus.
- 1957: D'Saarland trëtt der Bundesrepublik Däitschland bäi.
- 1959: No der Flucht vum Batista iwwerhëlt de Fidel Castro d'Presidence vu Kuba.
- 1960: De franséischen Deel vum Kamerun gëtt onofhängeg.
- 1973: Dänemark, Irland an d'Vereenegt Kinnekräich gi Member vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft.
- 1984: De Sultanat Brunei gëtt onofhängeg vu Groussbritannien.
- 1993: Den europäesche Bannemaart trëtt an den 12 Memberstaate vun der Europäescher Communautéit (EG) a Kraaft.
- 1994: Den Espace Économique Européen, an deem d'EU- an d'EFTA-Memberstaaten (mat Ausnam vun der Schwäiz) deelhuelen, trëtt a Kraaft.
- 1995: Lëtzebuerg: Vum 1. Januar bis den 31. Dezember ass Lëtzebuerg Europäesch Stad vun der Kultur.
- 1995: D'Welthandelsorganisatioun hëlt hir Aarbecht op.
- 1995: Éisträich, Finnland a Schweden trieden der Europäescher Unioun bäi.
- 1999: Déi drëtt Etapp vun der Europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun (EMU) trëtt a Kraaft.
- 2002: Euro-Mënzen a -Billjeeën ginn an den 12 Länner vun der Eurozon an Ëmlaf bruecht.
- 2007: Bulgarien a Rumänien trieden der Europäescher Unioun bäi.
- 2008: Malta an Zypern gi Member vun der Eurozon.
- 2009: D'Slowakei gëtt Member vun der Eurozon.
- 2014: Lettland gëtt Member vun der Eurozon.
- 2015: Litauen gëtt Member vun der Eurozon.
- 2015: Éischt offiziell Bestietnes zu Lëtzebuerg vun enger homosexueller Koppel duerch den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini.
- 2023: Kroatien gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro an; ausserdeem trëtt et dem Schengen-Raum bäi.
- 2024: Saudi-Arabien, Egypten, d'Vereenegt Arabesch Emirater, Ethiopien an den Iran gi Member vum BRICS.
Gebuer
änneren-
Alexander VI.
-
Pierre de Coubertin
-
J. Edgar Hoover
-
Michèle Mercier
-
Christine Lagarde
- 1431: Poopst Alexander VI..
- 1484: Ulrich Zwingli, Schwäizer reliéise Reformer.
- 1810: Jacques Missy, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Professer.
- 1843: Jean-Pierre Jérôme Thinnes, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- 1853: Pierre Wolff, lëtzebuergesche Professer an Auteur.
- 1859: Léandre Lacroix, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1863: Pierre de Coubertin, franséische Sportspedagog an éischte President vum Internationalen Olympesche Kommitee.
- 1863: Joseph Faulké, lëtzebuergesche Policebeamten, Pilzkenner an Auteur.
- 1879: Georges Vinter, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 1895: J. Edgar Hoover, FBI Direkter.
- 1907: Norah Baring, brittesch Schauspillerin.
- 1911: Charles Stein, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 1912: Jean Jaeger, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1912: Piero Pierotti, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1919: Carole Landis, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1919: Camille Ney, lëtzebuergesche Politiker.
- 1919: J.D. Salinger, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1921: César Baldaccini, franséische Sculpteur.
- 1923: Valentina Cortese, italieenesch Schauspillerin.
- 1924: Jacques Le Goff, franséischen Historiker.
- 1924: Charlie Munger, US-amerikanesche Geschäftsmann.
- 1925: Raymond Pellegrin, franséische Schauspiller.
- 1926: Riccardo Garrone, italieenesche Schauspiller.
- 1927: Maurice Béjart, franséische Choreograph a Balletsdänzer.
- 1930: Ty Hardin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1935: Brian G. Hutton, US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 1937: Paul-Henri Meyers, lëtzebuergesche Politiker.
- 1939: Michèle Mercier, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Ramon Humbert, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 1941: Constant Wagner, lëtzebuergesche Sportschéisser.
- 1942: Country Joe McDonald, amerikanesche Folk- a Rocksänger.
- 1944: Umar al-Baschir, Militär a Staatschef am Sudan.
- 1945: Jacky Ickx, belsche Formel-1-Pilot.
- 1947: Robert Theis, lëtzebuergesche Philosoph.
- 1949: Don Keith Opper, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1951: Hans-Joachim Stuck, däitschen Autossportler.
- 1953: Zoran Janković, sloweenesche Politiker.
- 1955: Nico Graf, Lëtzebuerger Schrëftsteller a Journalist.
- 1956: Sergei Wassiljewitsch Awdejew, russesche Kosmonaut.
- 1956: Christine Lagarde, franséisch Politikerin a Juristin.
- 1959: Michel Onfray, franséische Philosoph.
- 1959: Serge de Waha, lëtzebuergesche Fotokënschtler a Konschterzéier.
- 1962: Georges Kieffer, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1966: Ivica Dačić, serbesche Politiker.
- 1978: Nina Bott, däitsch Schauspillerin.
- 1987: Nana Dsagnidse, georgesch Schachgroussmeeschtesch.
- 1989: Tornike Sanikidze, georgesche Schachgroussmeeschter.
- 1990: Frederic Good, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 2002: Tusse, schweedesche Sänger.
Gestuerwen
änneren- 1921: Theobald von Bethmann Hollweg, däitsche Politiker.
- 1831: Jean-Georges Willmar, Jurist a Gouverneur vu Lëtzebuerg 1817-1831.
- 1950: Auguste Engel, lëtzebuergesche Komponist, Sänger a Schauspiller.
- 1970: Eduard von Borsody, éisträichesche Kameramann, Filmediteur, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1971: Bernard Fischer, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 1972: Ernest Wiltzius, lëtzebuergesche Wënzer an Deputéierten.
- 1973: Jan Anteunis, belsche Sculpteur a Moler.
- 1974: Aloyse Duhr, lëtzebuergesche Wënzer an Deputéierten.
- 1982: Estella Blain, franséisch Schauspillerin.
- 1997: Jean Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2001: Madeleine Barbulée, franséisch Schauspillerin.
- 2002: Paul Hubschmid, Schwäizer Schauspiller.
- 2005: Adriano Bolzoni, italieeneschen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 2006: Susan Bergman, US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin.
- 2009: Johannes Mario Simmel, éisträichesche Schrëftsteller.
- 2009: Helen Suzman, südafrikanesch Politikerin.
- 2016: Jean-Michel Treinen, lëtzebuergeschen Auteur, Iwwersetzer a Museker.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 1. Januar – Biller, Videoen oder Audiodateien |