José Eduardo dos Santos

angolanesche Politiker

De José Eduardo dos Santos, gebuer den 28. August 1942 zu Sambizanga, an der Provënz Luanda, a gestuerwen den 8. Juli 2022 zu Barcelona[1], war en angolanescher Politiker. Hie war de President vum Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA). Vun 1979 bis 2017 war hie President vun der Republik Angola, an déi meescht Zäit dovu gläichzäiteg de Regierungschef a Commandant-en-Chef vun der angolanescher Arméi. 1975–1976 an 1984–1985 war hien Aussenminister vun Angola.

José Eduardo dos Santos
Gebuertsnumm José Eduardo Van Dunen
Gebuer 28. August 1942
Luanda
Gestuerwen 8. Juli 2022
Barcelona
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Angola
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei Movimento Popular de Libertação de Angola

Bei de Walen 2017 huet hien net méi kandidéiert.

Hien a seng Famill solle sech iwwer d'Jorzéngten am grousse Stil beräichert hunn. Der Financial Times no sinn 2007 bis 2010 32 Milliarden Dollar aus dem Staatsbudget vun Angola 'verschwonnen'.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: José Eduardo dos Santos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Angola's former president dos Santos dies at 79." reuters.com, 2022-07-08.
  2. Vermögen der reichsten Frau Afrikas eingefroren. spiegel.de.