Vivienne Westwood

brittesch Moudendesignerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Dame Vivienne Isabel Westwood DBE, gebuer den 8. Abrëll 1941 als Vivienne Isabel Swire zu Tintwistle, am Derbyshire, a gestuerwen den 29. Dezember 2022 am Londoner Quartier Clapham, war eng brittesch Moudendesignerin.

Vivienne Westwood
Gebuertsnumm Vivienne Isabel Swire
Gebuer 8. Abrëll 1941
Tintwistle
Gestuerwen 29. Dezember 2022
Clapham
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun University of Westminster,
Middlesex University,
Glossopdale School
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Moudendesigner, Geschäftspersoun, Bijousdesigner, Aktivist
Famill
Bestuet mat Derek Westwood, Malcolm McLaren, Andreas Kronthaler
Kanner Joseph Corré

Si gouf bekannt well s'an der Mëtt vun den 1970er Joren d'Punk-Moud erfonnt huet.[1] Méi spéit waren nei an exzentresch zesummegesat Kombinatiounen aus historeschem Gezei, seelenen Tissuen a jäizeg-faarwege Mustere charakteristesch fir hir Entwërf.

Vun 1989 bis 2005 huet si Coursen am Moudendesign op der Universität für angewandte Kunst Wien ginn an huet vun 1993 bis 2004 als Professesch op der Universität der Künste Berlin geschafft, wou si zur Ehrensenatorin ernannt gouf.[2]

D'Vivienne Westwood war engagéiert am Beräich vun de Mënscherechter, Ofrëschtung an Ëmweltschutz.

Literatur änneren

  • Mulvagh, Jane (1999): Vivienne Westwood. An Unfashionable Life. HarperCollinsPublishers, London, ISBN 3-547-76941-8 (däitsch Iwwersetzung vun der Christiane Bergfeld: Vivienne Westwood. Die Lady ist ein Punk. Biographie. Düsseldorf: Marion von Schröder Verlag).
  • Wilcox, Claire (2005): Vivienne Westwood. Nicolaische Verlagsbuchhandlung, Berlin, ca. 244 S., ca. 367 farb. Abb., 20 s/w Abb., ISBN 3-89479-254-X.
  • Jones, Terry (2012): Fashion: Vivienne Westwood. Taschen, Köln, brochéiert, ISBN 978-3-8365-3887-9.
  • Westwood, Vivienne & Kelly, Ian (2014): Vivienne Westwood. Eichborn, Köln, ISBN 978-3-8479-0571-4.

Um Spaweck änneren

Commons: Vivienne Westwood – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Uli Hesse, Dpa: "Vivienne Westwood: Die Mutter der Punkmode wird 75." Frankfurter Rundschau, 7. Abrëll 2016.
  2. Prof. Vivienne Westwood op udk-berlin.de, nogekuckt 2022-12-30.