Coolio

US-amerikanesche Rapper a Schauspiller

De Coolio, gebuer den 1. August 1963 als Artis Leon Ivey Jr. zu Monessen, am Pennsylvania, a gestuerwen den 28. September 2022 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Rapper a Schauspiller.

Coolio
Gebuertsnumm Artis Leon Ivey Jr.
Gebuer 1. August 1963
Gestuerwen 28. September 2022
Los Angeles
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit USA
Aktivitéit Rapper, Lidderschreiwer, Museksproduzent, Schauspiller, Chefkach, Sänger

Hien hat seng gréisst Succèsen an den 1990er Joren, virun allem mam Stéck Gangsta’s Paradise (1995) a mat dem Album mam selwechten Numm, an deem en d'Musek vum Stevie Wonder sengem Lidd Pastime Paradise gesamplet hat. 1996 huet hien e Grammy fir dëst Lidd gewonnen.

Säi Stéck I Remember aus dem Album It Takes a Thief (1993) gouf spéiderhi fir de Soundtrack vun der Dessin animé-Serie Beavis and Butt-Head geholl.

Als Schauspiller war de Coolio ë. a. an e puer Televisiounsserien an e puer B-Filmer ze gesinn.

Discographie änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren