6. Januar
Datum
<< | Januar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2024 |
De 6. Januar ass de 6. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1912: Den däitsche Wëssenschaftler an Astronom Alfred Wegener stellt seng Theorie vun der Kontinentalverschibung op der Haaptversammlung vun der Geologescher Vereenegung zu Frankfurt vir.
- 1926: D'däitsch Lufthansa gëtt gegrënnt.
- 1935: De Mao Tse-tung gëtt zum President vun der Kommunistescher Partei vu China (KPCh) gewielt.
- 1981: De Gaston Thorn gëtt President vun der Europäescher Kommissioun.
- 2002: Den argentinesche Peso gëtt ëm 40 Prozent ofgewäert.
Gebuer
änneren-
Richard II.
-
Jeanne d'Arc
-
GTI de la Fontaine
-
Charles Metz
-
Heinrich Schliemann
- 1367: Richard II., englesche Kinnek (1377 bis 1399).
- 1412: Jeanne d'Arc, franséisch Nationalheldin an Helleg.
- 1493: Olaus Petri, schweedeschen Theolog a Reformator.
- 1763: Johannes Birnbaum, franséische Magistrat a Prefekt vum Département des Forêts.
- 1787: Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine, lëtzebuergesche Premierminister.
- 1799: Charles Metz, lëtzebuergesche Politiker, Entreprener an Industriepionéier.
- 1822: Heinrich Schliemann, däitschen Archeolog.
- 1832: Gustave Doré, franséische Moler a Graphiker.
- 1836: Truman Henry Safford, US-amerikaneschen Astronom.
- 1861: Victor Horta, belschen Architekt.
- 1872: Alexander Nikolajewitsch Skrjabin, russesche Pianist a Komponist.
- 1875: Michel Flammang, lëtzebuergesche Politiker.
- 1892: Lucienne Bogaert, franséisch Schauspillerin.
- 1896: Denis Netgen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1915: Liisi Oterma, finnesch Astronomin.
- 1928: Capucine, franséisch Schauspillerin.
- 1936: Alejandro Maldonado Aguirre, guatemalteekesche Politiker a Staatspresident.
- 1937: Paolo Conte, italieenesche Sänger.
- 1938: Adriano Celentano, italieenesche Sänger a Schauspiller.
- 1940: Olga Georges-Picot, franséisch Schauspillerin.
- 1941: Philippe Busquin, belsche Politiker.
- 1942: Jochen Senf, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 1946: Victor Gillen, lëtzebuergesche Jurist, President vum Staatsrot.
- 1946: Marc Olinger, lëtzebuergesche Film- an Theaterschauspiller a Regisseur.
- 1947: Andréa Ferréol, franséisch Schauspillerin.
- 1949: Sanja Ivekovic, kroatesch Kënschtlerin.
- 1953: Malcolm Young, australesche Museker a Matgrënner vun der Rockband AC/DC.
- 1954: Anthony Minghella, britteschen Auteur a Regisseur.
- 1955: Rowan Atkinson, brittesche Komiker a Schauspiller.
- 1955: Marco Conrardy, lëtzebuergeschen Autosportler.
- 1961: Françoise Folmer, lëtzebuergesch Architektin a Politikerin
- 1961: Jean-Paul Girres, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1964: Henry Maske, däitsche Boxer.
- 1969: Norman Reedus, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1980: Joëlle Elvinger, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1982: Ana Petrova, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
Gestuerwen
änneren- 1852: Louis Braille, franséische Blannen-Enseignant (Braille-Schrëft).
- 1919: Theodore Roosevelt, 26. President vun den USA (1901-1909).
- 1923: Jean Petermann, lëtzebuergeschen Eisebunner a Päiperleksspezialist.
- 1935: Pierre Charles Schoren, lëtzebuergesche Fotograf a Postkaartenediteur.
- 1953: Louis Dejean, franséische Sculpteur.
- 1970: Félicie Erpelding-Schlesser, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1972: Félix Chomé, Industriellen.
- 1974: Roland Licker, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 1977: Paul Reichling, lëtzebuergesche Moler.
- 1977: Niall MacGinnis, iresche Schauspiller.
- 1992: Isaac Asimov, US-amerikaneschen Auteur.
- 1993: Dizzy Gillespie, US-amerikaneschen Jazz-Museker.
- 1993: Rudolf Nurejew, russeschen Dänzer a Choreograph.
- 1999: Michel Petrucciani, franséischen Jazz-Pianist.
- 2004: Nicolas Mosar, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 2012: Louis Rech, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 2016: Silvana Pampanini, italieenesch Filmschauspillerin.
- 2016: Yves Vincent, franséische Filmschauspiller.
- 2022: Peter Bogdanovich, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2022: Sidney Poitier, US-amerikanesche Schauspiller.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 6. Januar – Biller, Videoen oder Audiodateien |