Meat Loaf

amerikanesche Rocksänger

{{Infobox Biographie} De Meat Loaf, gebuer de 27. September 1947 als Marvin Lee Aday zu Dallas, am Texas (zanter 1983 Michael Lee Aday), a gestuerwen den 20. Januar 2022, war en US-amerikanesche Rocksänger a Schauspiller. Hie war bekannt fir seng theatralesch-bombastesch Concertsoptrëtter. Wärend senger bal 55järeger Karriär goufen iwwer 100 Milliounen vu sengen Albume verkaaft. Bekannt Stécker vun him sinn You took the words right out of my mouth oder Heaven can wait, déi den Jim Steinman komponéiert huet. Doriwwer eraus huet hien an iwwer 65 Filmer matgespillt, dorënner The Rocky Horror Picture Show (1975) oder Fight Club (1999).[1]

Säi Spëtznumm, deen e wéinst senger Korpulenz krut, an deen en zum Kënschtlernumm gemaach huet, heescht iwwersat "Hackbrot".

Literatur änneren

  • Meat Loaf, David Dalton: To Hell And Back. An Autobiography. Virgin, London 2000, ISBN 0-7535-0443-X.
  • Patrizia Kurz, Ralph Isenbarth: Meat Loaf. Phönix aus der Hölle. Eine Biographie. Edel Company, Hamburg 1994, ISBN 3-927801-84-4.
  • Andreas Fallscheer: Meat Loaf. Zsolnay, Wien 1994, ISBN 3-552-05141-4.

Um Spaweck änneren

Commons: Meat Loaf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "US-Sänger Meat Loaf stirbt mit 74 Jahren." tagesspiegel.de, 2022-01-21.