19. Abrëll
Datum
<< | Abrëll | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | |||||
2024 |
Den 19. Abrëll ass den 109. Dag (110. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1713: Pragmatesch Sanktioun vum Keeser Karl VI. iwwer d'Ierffolleg an Éisträich.
- 1943: Ufank vum Opstand am Warschauer Ghetto.
- 1956: D'amerikanesch Schauspillerin Grace Kelly bestit de Rainer III. vu Monaco.
- 1995: Bommenattentat op e Gebai vun der federaler Administratioun zu Oklahoma City, USA.
- 1998: Den Thomas Klestil gëtt op en Neits Bundespresident an Éisträich.
- 2005: Ufank vum Pontifikat vum Joseph Ratzinger (Benoît XVI.).
Lëtzebuerg
änneren- 1684: Ufank vun der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg duerch d'Arméi vum Louis XIV.. De 4. Juni fällt se.
- 1839: Duerch den Traité vu London gëtt d'belsch Onofhängegkeet unerkannt a Lëtzebuerg a Limburg tëscht der Belsch an Holland gedeelt. Lëtzebuerg kritt seng haiteg Gréisst.
- 1904: De Chareli fiert eng éischt Kéier vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach.
-
Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg, 1684.
-
Traité vu London: Kaart zum Art. 2 iwwer d'Deelung vu Lëtzebuerg.
-
éischt Faart vum Chareli vun der Stad op Iechternach.
Gebuer
änneren-
Jean Ziegler
-
Dudley Moore
-
Wilfried Martens
-
Frank Elstner
- 1884: Ernest Grosber, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1891: Françoise Rosay, franséisch Schauspillerin.
- 1904: Guido Celano, italieenesche Schauspiller.
- 1918: Georges Heisbourg, lëtzebuergeschen Diplomat an Auteur.
- 1919: Hubert de Lapparent, franséische Schauspiller.
- 1920: Emile Lahure, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1922: Erich Hartmann, däitsche Pilot an Offizéier.
- 1922: Don Sharp, brittesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 1925: Hugh O'Brian, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1925: Iwao Takamoto, japanesch-US-amerikaneschen Zeechentrickmécher.
- 1930: Vanna Solofrizzo, italo-lëtzebuergesch Molerin.
- 1932: Fernando Botero, kolumbianesche a Sculpteur.
- 1933: Jayne Mansfield, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1934: Jean Ziegler, Schwäizer Soziolog, Politiker an Auteur.
- 1935: Dudley Moore, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1936: Wilfried Martens, belsche Politiker.
- 1939: Marc Simenon, franséische Filmregisseur.
- 1942: Frank Elstner, däitsche Radiosspeaker an Tëleesmoderator.
- 1947: Nico Wennmacher, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 1948: Michel Foret, belsche Politiker.
- 1956: Edmée Engel, lëtzebuergesch Biologin.
- 1960: Gustavo Petro, kolumbianesche Politiker.
- 1964: Marianne Brosius-Kolber, lëtzebuergesch Politikerin, Buergermeeschtesch vu Fëschbech bei Miersch.
- 1966: Brett James Gladman, kanadesche Professer a Physik an Astronomie.
- 1972: Django Asül, däitsche Kabarettist.
- 1979: Antoaneta Stefanowa, russesch Schachgroussmeeschterin.
- 1981: Hayden Christensen, kanadesche Schauspiller.
- 1996: Lena Braas, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
Gestuerwen
änneren- 1552: Olaus Petri, schweedeschen Theolog a Reformateur
- 1560: Philipp Melanchthon, däitschen Humanist a Reformateur
- 1768: Giovanni Antonio Canale (Canaletto), italieenesche Moler
- 1800: Jean-Antoine Marbot, franséische Generol
- 1824: George Byron, engleschen Dichter
- 1843: Johann Theodor Van der Noot, lëtzebuergesche Geeschtlechen
- 1882: Charles Darwin, britteschen Naturfuerscher, Grënner vun der Evolutiounstheorie
- 1889: Warren de la Rue, britteschen Astronom a Cheemiker.
- 1906: Pierre Curie, franséische Physiker an Nobelpräisdréier.
- 1917: Frank Muller (Astronom), US-amerikaneschen Astronom.
- 1924: Pierre Federspiel, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1956: Ernst Robert Curtius, Schrëftsteller.
- 1967: Konrad Adenauer, däitsche Politiker, éischte Bundeskanzler.
- 1989: Daphne du Maurier, brittesch Schrëftstellerin.
- 1990: Tony Biever, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 2005: Niels-Henning Ørsted Pedersen, dänesche Bassist.
- 2007: Jean-Pierre Cassel, franséische Schauspiller.
- 2009: Philippe Nicaud, franséische Schauspiller a Sänger.
- 2019: Martin Böttcher, däitsche Filmmusekkomponist.
- 2021: Walter Mondale, US-amerikanesche Politiker a Jurist.
Feierdeeg
änneren- Vatikanstad: Nationalfeierdag
Um Spaweck
ännerenCommons: 19. Abrëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |