Édouard Kutter (1934)
lëtzebuergesche Fotograf an Editeur (1934-2022)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Fotgoraf Édouard Kutter (1934-2022). Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Édouard Kutter. |
Den Édouard Kutter, gebuer de 5. November 1934 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 17. Mee 2022[1], war e lëtzebuergesche Fotograf, Editeur a Galerist.
Édouard Kutter | |
---|---|
Gebuer |
5. November 1934 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
17. Mee 2022 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
Famill | |
Bestuet mat | Yvette Giorgetti |
Papp | Édouard Kutter |
Kanner | Édouard Kutter, Brigitte Kutter |
Hie gouf 1966 Fotograf vum Haff.
En hat säin Atelier an der Stater Avenue Monterey an duerno an der Neier Avenue. An der Biedergaass hat hien d'Galerie Kutter.
Seng iwwer 200.000 Clichéë sinn an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt.
Den Édouard Kutter war de Jong vum Édouard Frédéric Henri Kutter.
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1976)[2]
Um Spaweck
änneren- Eng Auswiel vu Fotoe vum Edouard Kutter, um Site vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven; gekuckt 2022-05-24.
Referenzen
änneren- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort, 24.05.2022, S. 32
- ↑ Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu