De José Pedro Castillo Terrones, gebuer den 19. Oktober 1969 zu Puña am Distrikt Tacabamba, an der Regioun Cajamarca, ass e peruanesche Schoulmeeschter, Gewerkschaftsleader a Politiker (Perú Libre). Hien war vum 28. Juli 2021 bis de 7. Dezember 2022 de 64. President vum Peru,

Pedro Castillo
Gebuertsnumm José Pedro Castillo Terrones
Gebuer 19. Oktober 1969
Nationalitéit Peru
Aktivitéit Gewerkschaftler, Schoulmeeschter, Politiker

Hie kënnt aus enger Bauerefamill - seng Eltere ware béid Analphabeten - a war Drëtt vun néng Kanner [1]. Hien huet Pedagogie studéiert an zanter 1995 als Schoulmeeschter geschafft. Hie gouf och Member vun der Schoulmeeschteschgewerkschaft. 2002 huet hie fir Buergermeeschter vun Anguía kandidéiert, gouf awer net gewielt. 2017 war hie Leader vun engem Schoulmeeschteschstreik, dee mat der Regierung verhandelt huet, wat hien am ganze Land bekannt gemaach huet.[2]

Am Oktober 2020 huet hie seng Kandidatur fir bei de Presidentewale bekannt gemaach. Am éischten Tour krut hien iwwerraschend 19 % vun de Stëmmen[3]. Am zweeten Tour, de 6. Juni 2021 louch hie mat 50,125 % vun de Stëmmen, kNapps virun der Keiko Fujimori.[4] Hie gouf den 28. Juli 2021, dem 200. Anniversaire vun der Onofhängegkeet vu Spuenien, vereedegt.

Enn 2022 gouf hie vum Kongress ofgesat, seng Vizepresidentin Dina Boluarte gouf seng Nofollgerin.

Um Spaweck änneren

Commons: Pedro Castillo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Marco Aquino, Marcelo Rochabrun: PERFIL-Pedro Castillo: el hijo de campesinos que salta a la presidencia de Perú. reuters.co, 2021-06-16.
  2. "Überraschung bei den Wahlen in Peru: Linkskandidat gewinnt erste Runde." amerika21.de, 2021-04-12
  3. Tjerk Brühwiller: Große Wahlüberraschung: Wird ein Leninist Präsident von Peru? faz.net, 2021-04-24.
  4. ONPE al 100 % de actas contabilizadas: Pedro Castillo obtiene 50.125% y Keiko Fujimori, 49.875%. In: La República, 15. Juni 2021.