De Vangelis, gebuer den 29. Mäerz 1943 als Ευάγγελος Οδυσσέας Παπαθανασίου (Evangelos Odysseas Papathanassiou) zu Agria bei Volos, a Griicheland, a gestuerwen de 17. Mee 2022[1], war e griichesche Komponist an ee vun de Pionéier vun der elektronescher Musek.

Vangelis
Vangelis, 26 July 2012.jpg
Gebuertsnumm Evángelos Odysséas Papathanassíou, Ευάγγελος Οδυσσέας Παπαθανασίου
Pseudonym Vangelis, Βαγγέλης
Gebuer 29. Mäerz 1943
Gestuerwen 17. Mee 2022
15. Arrondissement
Doudesursaach COVID-19
Nationalitéit Griicheland
Aktivitéit Filmkomponist, Keyboarder, Museksproduzent, Komponist, Museker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Säi Museksstil goung vun der New-Age-Musik bis bei d'Dark Ambient. Zu senge bekanntste Kompositiounen zielen d'Filmmmuseke vun Chariots of Fire (1982 mat engem Oscar preméiert), Blade Runner, 1492 : Conquest of Paradise an The Bounty. Vun him ass och d'Hymn vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 2002.

De Vangelis huet seng Carrière a Griicheland mat der Popgrupp Forminx ugefaangen. Am Mee 1968 goung en op Paräis und an huet do mam Demis Roussos an dem Lucas Sideras d'Progressive-Rock-Grupp Aphrodite's Child gegrënnt.[2]

Um SpaweckÄnneren

Commons: Vangelis – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Noruff bei Reuters.com
  2. Sänger Demis Roussos mit 68 gestorben. Frankfurter Allgemeine Zeitung, 26. Januar 2015.