Joseph Kinsch

lëtzbuergeschen Industriellen


De Joseph Kinsch, gebuer den 2. Mee 1933 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 20. Oktober 2022 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Industriellen. Hien huet wärend de schwieregste Jore vun der lëtzebuergescher Stolindustrie Schlësselplaze bei der ARBED besat, déi hien an e puer Etappen an de gréisste Stolkonzern vun der Welt abruecht huet. De "Jupp" Kinsch ass wuel ee vun de leschte Lëtzebuerger déi een als "Stolbarong" bezeechne kann.

Joseph Kinsch
Gebuer 2. Mee 1933
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 20. Oktober 2022
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun
Famill
Geschwëster Léon Kinsch

Seng Karriär

änneren

De Joseph Kinsch huet zu Saarbrécken Ekonomie studéiert ier hien 1961 mat 28 Joer zu Burbach an den Déngscht vun der ARBED getrueden ass. E Joer méi spéit ass hien dunn an de Siège vun der ARBED an der Neier Avenue komm. Bei der ARBED huet hie sech haaptsächlech ëm d'Finanze gekëmmert. 1980 ass de Joseph Kinsch als Generaldirekter fir Finanzen an den Direktiounskommittee vun der ARBED komm. Et war keng einfach Zäit: vun 1980 bis 1984 ass d'Produktioun vun der ARBED Joer fir Joer zeréckgaangen. De Lëtzebuerger Staat huet der ARBED missen ënner d'Äerm gräifen a Kapital bäischéissen, soudatt de Staat Enn 1986 mat 42,9 % den Haaptaktionär vum Siderurgist ass.

Den Héichpunkt vum Joseph Kinsch senger Karriär sollt 1992 seng Nominatioun als President vun der Generaldirektioun vun der ARBED sinn. Ënner senger Leedung huet de Grupp ugefaange staark z'expandéieren. D'ARBED huet sou 1992 d'Maxhütte Unterwellenborn, déi a Stahlwerke Thüringen ëmbenannt gouf, an 1994 d'Klöckner Stahl, déi a Stahlwerke Bremen ëmbenannt gouf, kaaft. A Brasilien huet d'ARBED seng Participatioun an der Belgo Mineira ausgebaut. An der Belsch gouf sech am Kapital vun der SIDMAR verstäerkt. Als grousse strategesche Schrëtt gëllt virun allem 1997 de Kaf vu 35 % vum Kapital vum spuenesche Stolproduzent Aceralia am Joer 1997, dee fir säin Deel 9,5 % vun der ARBED iwwerholl huet. D'ARBED gouf sou zu engem vun de gréisste Stolproduzente vun der Welt.

Zu Lëtzebuerg wäert d'Zäit vum Jupp Kinsch un der Spëtzt vun der Generaldirektioun vun der ARBED virun allem wéinst der Decisioun vum "tout électrique" an Erënnerung bleiwen: Ënner senger Direktioun gouf 1993, 12 Joer nodeem déi lescht Minn am Land zougemaach gouf, decidéiert déi integréiert Schmelze mat hire Kockereien an Héichiewen zouzemaachen an duerch Elektrostoliewen z'ersetzen. Dëse Prozess gouf 1997 ofgeschloss. Am Joer 1998 huet de Joseph Kinsch d'Spëtzt vun der Generaldirektioun un de Fernand Wagner ofginn. D'ARBED war zu deem Moment e méi internationale Konzern wéi deen Dag wou hie sechs Joer virdrun u seng Spëtzt komm war.

Zanter 1993 an dem onerwaarten Doud vum Georges Faber, sengem Virgänger souwuel als President vun der Generaldirektioun wéi als President vum Verwaltungsrot, stoung de Joseph Kinsch och un der Spëtzt vum Verwaltungsrot. Et war déi eenzeg Kéier an der Geschicht vun der ARBED wou déi zwee wichtegst Posten an der Gesellschaft vun der selwechter Persoun besat waren.

Als President vum Verwaltungsrot huet de Joseph Kinsch och an der nächster Etapp vun der Entwécklung vun der ARBED eng determinant Roll gespillt. 2001 hunn d'ARBED, hire Partner Aceralia an hiren historesche franséische Konkurrent Usinor hir Fusioun ugekënnegt. Den neie Grupp, de gréisste Stolproduzent vun der Welt, krut 2002 den Numm Arcelor. De Sëtz vun der Gesellschaft koum, dat hat de Joseph Kinsch mam Staat als Aktionär am Réck ganz fréi kloer gemaach, op Lëtzebuerg. De Joseph Kinsch gouf, zesumme mam Francis Mer vun der Usinor, Kopresident vum Verwaltungsrot. Wéi de Francis Mer de 7. Mee 2002 franséische Wirtschaftsminister gouf, war hien dunn eenzege President. Mä et sollt net säi leschten Optrëtt bleiwen.

Ufank 2006 huet Mittal Steel Company eng sougenannte feindlech Offer fir d'Aktië vun der Arcelor gemaach. An enger éischter Phas huet virun allem de President vun der Generaldirektioun Guy Dollé d'Arcelor no bausse vertrueden. Wéi d'Verhandlungen tëscht den zwou Gruppen an hir kritesch Phas gaange sinn, goufe se allerdéngs fir d'Arcelor vum Joseph Kinsch gefouert. No der Fusioun am Summer 2006 ass de Joseph Kinsch President vum Verwaltungsrot vun ArcelorMittal ginn. Op Englesch krut hien den Titel "Chairman", wärend de Lakshmi Mittal den Titel "President" krut. Hien huet nees duerchgesat, datt de Sëtz op Lëtzebuerg kéim an datt Arcelor am Numm viru Mittal stoe kéim.

Den 13. Mee 2008 huet de Joseph Kinsch sech am Alter vu 75 Joer, nodeem hien eng lescht Kéier d'Aktionärsversammlung presidéiert hat, vun der Spëtzt vum Verwaltungsrot vun ArcelorMittal zeréck gezunn. Hien huet betount datt an de leschten zwee Joer aus him an dem Lakshmi Mittal Frënn gi waren. Hien ass mat der Firma verbonne bliwwen als President vun der Fondation ArcelorMittal.

Wéi d'Traditioun et wollt, war de Joseph Kinsch als éischte Mann vun der ARBED och vun 1993 bis 2004 President vun der Lëtzebuerger Chambre de commerce. Vum Joer 2000 bis 2004 war hien och Grënnungspresident vun der Union des entreprises luxembourgeoises (UEL), dem Daachverband vum ganze Lëtzebuerger Patronat.

Am Joer 1983, nom Doud vu sengem Brudder, dem Journalist Léon Kinsch, huet de Joseph Kinsch d'Presidence vum Verwaltungsrot vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land iwwerholl. Hien huet déi Funktioun 25 Joer bis 2008 assuréiert. Hien ass am Verwaltungsrot vum Golf Club Grand-Ducal.

De Joseph Kinsch war mat der Ruth Lauxen bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Auszeechnungen

änneren

Hie war Éiereconsul vu Brasilien zu Lëtzebuerg a krut 2004 en Éierendoktertitel vun der Sacred Heart University Lëtzebuerg.

Quellen

änneren
  • 2000, Trausch, G. L'ARBED dans la société luxembourgeoise. ARBED S.A., Lëtzebuerg.
  • 2008, Arne Langner. Der Kapitän Geht von Bord. Luxemburger Wort vum 13. Mee 2008, Säit 68.

Literatur

änneren

Referenzen

änneren
  1. Doudesannonce vum Joseph Kinsch op der Säit 32 vum Luxemburger Wort vum 22. Oktober 2022
  2. Jean-Claude Juncker remet les insignes de grand croix de l'ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg à Joseph Kinsch. me.gouvernement.lu (2010-02-24). Gekuckt de(n) 2022-10-22.