De Ferdinand Emmanuel "Bongbong" Romualdez Marcos Jr., gebuer den 13. September 1957 zu Manila, ass e philippinnesche Politiker an zanter dem 30. Juni 2022 President vun de Philippinnen.

Ferdinand Marcos Jr.
Gebuer 13. September 1957
Nationalitéit Philippinnen
Educatioun Wharton School,
University of Oxford
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Ferdinand Marcos
Mamm Imelda Marcos

Biographie änneren

De Ferdinand Marcos Jr.kënnt aus der aflossräicher Marcos-Famill. Säi Grousspapp, de Mariano Marcos war Deputéierten am philippinnesche Kongress. Säi Papp, de Ferdinand Marcos war vun 1965 bis 1986 President vun de Philippinnen, ufanks als Resultat vu Walen, méi spéit ënner Krichsrecht als Diktator. Seng Mamm, déi fréier First Lady Imelda Marcos, war nom Doud vun hirem Mann e puer Legislature laang Member vum Representantenhaus. Seng Sëschter Imee Marcos ass och eng Politikerin.

De Marcos, dee vu Beruff Geschäftsmann ass, war vun 1992 bis 1995, an dann nees vun 2007 und 2010 , Deputéierten am Representantenhaus. Vun 1983 bis 1986 a vun 1998 bis 2007 war hie Gouverneur vun der Provënz Ilocos Norte.

Um Spaweck änneren

Commons: Ferdinand Marcos Jr. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren