Mario Castegnaro

lëtzebuergesche Gewerkschaftler
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mario Castegnaro, gebuer den 29. August 1939 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 4. Januar 2022[1][2], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler an LSAP-Politiker.

Mario Castegnaro
Gebuer 29. August 1939
Déifferdeng
Gestuerwen 4. Januar 2022
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler
Partei LSAP
Famill
Geschwëster John Castegnaro

Hie war Direkter vun der Chambre de travail.

Vun 1991 bis 1993 war hie President vum Conseil économique et social.

Den 20. Abrëll 1999, nom Doud vum Alphonse Grimler, gouf de Mario Castegnaro als Deputéierten an der Chamber vereedegt.[3] Hien huet säi Mandat bis zum Enn vun der Legislaturperiod behalen. Bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 gouf hien net méi erëmgewielt.[4]

De Mario Castegnaro war Member vum Gemengerot vun der Gemeng Déifferdeng.[5]

Vun 1985 bis 2009 war hie Comitésmember vun der ULC, dem lëtzebuergesche Konsumenteschutz. Hie war do Generalsekretär (-2003) an duerno President (2003-2009).

HIe war de Brudder vum Gewerkschaftler John Castegnaro.

Referenzen an Notten änneren

  1. RIP: De Mario Castegnaro ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-01-11.
  2. Mëndlech Annonce vum Chamberpresident Fernand Etgen an der Sëtzung vun der Chamber vum 11. Januar 2022
  3. Compte rendu vun der 39 Séance vun der Chamber vum Sëtzungsjoer 1998-99 den 20. Abrëll 1999 SS. 2350-2351
  4. Bulletin d'information et de documentation vum SIP vum Juni 1999 "Edition spéciale Elections législatives et européennes 1999 - Le nouveau gouvernement" Säit 10
  5. Doudesannonce vu Mario CASTEGNARO. fr.memento.lu Archivéiert op 2022-01-16. Gekuckt de(n) 2022-01-12.