Irene Papas

griichesch Schauspillerin

D'Irene Papas, gebuer als Iríni Lelékou den 3. September 1926 zu Chiliomodi a Griicheland, ass eng griichesch Schauspillerin.

Irene Papas
Irene Papas "The Trojan Women".jpg
Gebuertsnumm Ειρήνη Λελέκου, Iríni Lelékou
Gebuer 3. September 1926
Nationalitéit Griicheland
Aktivitéit Schauspiller, Sänger
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Si gouf duerch de Krichsfilm The Guns of Navarone (1961) vum J. Lee Thompson international bekannt. 1964 krut si eng Haaptroll am Film Alexis Zorbas vum griichesche Regisseur Michael Cacoyannis an 1969 eng Roll am Politthriller Z (1969) vum Costa-Gavras.

Si huet och a Filmer vu bekannte Regisseure wéi Riccardo Freda, Martin Ritt, Elio Petri, Alberto Lattuada a Francesco Rosi matgespillt. Tëschen 1980 a 2003 ass si och an dréi Filmer vum bedeitende portugisesche Regisseur Manoel de Oliveira opgetrueden.

Zu hire Partner an hire Filmer zielen Schauspiller wéi Gian Maria Volonté, Yves Montand, Richard Burton, Maximilian Schell, Anthony Quinn, Gina Lollobrigida, Katharine Hepburn, Vanessa Redgrave an Audrey Hepburn.

FilmographieÄnneren

KinoÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Irene Papas – Biller, Videoen oder Audiodateien