Leo Varadkar

iresche Politiker

De Leo Varadkar, gebuer den 18. Januar 1979 zu Dublin, ass en iresche Politiker. Hie war vum 17. Dezember 2022 bis den 20. Mäerz 2024 Taoiseach (Premierminister) vu sengem Land, nodeems en dat schonns eng Kéier vum Juni 2017 bis de Juni 2020 war, an dono Vizepremier.

Leo Varadkar
Gebuer 18. Januar 1979
Dublin
Nationalitéit Irland
Educatioun Trinity College Dublin
Aktivitéit Politiker, Dokter

De Varadkar ass de Jong vun engem Dokter vu Mumbai an enger Infirmière vun Dungarvan. Hien huet um Trinity College Medezin studéiert a war Dokter am Blanchardstown Hospital. Politesch huet hie sech ufanks bei de Young Fine Gael engagéiert, a war zäitweileg Vizepresident vun dëser Jugendsektioun, wéi och vun der Youth of the European People's Party.

2003 gouf hien an e regionale Conseil gewielt, an am Mee 2007 fir de Fine Gael an d'Dáil Éireann, d'irescht Parlament. Den 9. Mäerz 2011 gouf hie Minister fir Verkéier, Tourismus a Sport an der neier Regierung vum Ministerpresident Enda Kenny; no enger Regierungsëmbildung, den 11. Juli 2014 gouf e Gesondheetsminister.

Nodeems de Kelly säi Récktrëtt ugekënnegt hat, gouf de Varadkar zum neie President vu senger Partei gewielt. Domat gouf hien och dem Kelly säin Nofollger als Taoiseach (Regierungschef).

Am Virfeld vum Verfassungsreferendum iwwer d'gläichgeschlechtlecht Bestietnes huet hie sech op sengem 36. Gebuertsdag als éischte Minister an der irescher Geschicht als homosexuell geout.

Den 20. Mäerz 2024 huet de Leo Varadkar säi Mandat als Premierminister an d'Presidence vu senger Partei aus perséinlechen a politeschen Ursaachen néiergeluecht[1][2].

Um Spaweck änneren

Commons: Leo Varadkar – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. (de)Der irische Regierungschef Varadkar tritt ab. luxemburger-wort-online (2024-03-20). Gekuckt de(n) 2024-03-20.
  2. (lb)Aktuelles aus der Welt: Irland: Premier Leo Varadkar leet säi Mandat néier. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-20.