De Fidel Valdez Ramos, gebuer den 18. Mäerz 1928 zu Asingan, Lingayen, an der Provënz Pangasinan, a gestuerwen den 31. Juli 2022[1] war e philippinnesche Generol a Politiker. Hie war vum 30. Mee 1992 bis den 30. Mee 1998 den 12. President vun de Philippinnen.

Fidel Ramos
Gebuer 18. Mäerz 1928
Gestuerwen 31. Juli 2022
Doudesursaach COVID-19
Nationalitéit Philippinnen
Educatioun United States Military Academy,
University of Illinois at Urbana-Champaign
Aktivitéit Politiker, Militär

De Ramos war, no enger Karriär am Koreakrich an am Vietnamkrich, Chef d'Etat-major ënnert dem Ferdinand Marcos, mat deem e Famill war. Mat der Zäit gouf en ëmmer méi kritsch géintiwwer deem sengem Regime, an hien huet zesumme mam deemolege Verdeedegungsministe Juan Ponce Enrile d'Protester géint de Marcos wärend der EDSA-Revolutioun ënnerstëtzt, wouduerch d'Corazon Aquino 1986 nei Presidentin konnt ginn. Dës huet hien dono zum Generol ernannt.

1988 huet de Ramos seng militärsch Karriär op en Enn bruecht an e gouf Verdeedegungsminister (bis 1991).

Den 30. Juni 1992 gouf hien als zwielefte President vun der Republik vun de Philippinnen vereedegt.

Um Spaweck änneren

Commons: Fidel V. Ramos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Philippines: décès de l'ancien président Fidel Ramos à 94 ans." lepoint.fr, 2022-07-31.