29. September
datum
<< | September | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | ||||||
2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 |
9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 |
16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 |
23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 |
30 | ||||||
2024 |
Den 29. September ass den 272. Dag (273. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1364: D'Schluecht vun Auray, déi lescht am bretoneschen Ierffollegkrich.
- 1938: D'Münchener Ofkommes gëtt ënnerschriwwen, mat deem Frankräich a Groussbritannien dem Hitler zougestinn, d'Sudeteland z'annektéieren.
- 1941: Beim Massaker vu Babi Jar bei Kiew gi méi wéi 33.000 Judde vun der däitscher Wehrmacht, Police an SS ermuert.
Lëtzebuerg
- 1982: Den Aeroflot Fluch 343 verongléckt bei der Landung um Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel, 7 Leit kommen ëm d'Liewen.
Wëssenschaft an Technik
ännerenAstronomie
änneren- 1865: Den däitsch-balteschen Astronom Otto Wilhelm von Struve entdeckt den Duebelstär NGC 8.
Sport
änneren- 1957: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, 0:3 géint Éisträich.[1]
- 1965: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Den Haag 0:3 géint Holland.[2]
Gebuer
änneren-
Miguel de Cervantes
-
Carvaggio
-
Anita Ekberg
-
Jerry Lee Lewis
-
Silvio Berlusconi
-
Lech Wałęsa
- 1547: Miguel de Cervantes, spuenesche Schrëftsteller (Don Quijote).
- 1573: Michelangelo Merisi da Caravaggio, italieenesche Moler.
- 1743: Antonio Cagnoli, italieeneschen Astronom.
- 1758: Sir Horatio Nelson, britteschen Admirol.
- 1765: Karl Ludwig Harding, däitschen Astronom a Theolog.
- 1869: Jean-Pierre Decker, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1899: László József Bíró, ungareschen Erfinder vum Bic.
- 1901: Lanza del Vasto, Schrëftsteller.
- 1901: Enrico Fermi, italieenesche Physiker.
- 1904: Georges Bauer, lëtzebuergesche Waasserballspiller an Olympionik.
- 1909: Michel Stemper, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1912: Lukas Ammann, Schwäizer Schauspiller.
- 1912: Michelangelo Antonioni, italieenesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmediteur.
- 1913: Trevor Howard, englesche Schauspiller.
- 1919: Margot Hielscher, däitsch Schauspillerin a Schlagersängerin.
- 1922: Karl-Heinz Köpcke, däitschen Noriichte-Speaker.
- 1924: Marina Berti, italieenesch Schauspillerin.
- 1930: Romain Urhausen, lëtzebuergesche Fotograf, Architekt an Designer.
- 1931: James Cronin, US-amerikanesche Physiker.
- 1931: Anita Ekberg, schweedesch Schauspillerin.
- 1932: Robert Benton, Filmregisseur.
- 1935: Jerry Lee Lewis, US-amerikanesche Museker.
- 1935: Mylène Demongeot, franséisch Schauspillerin.
- 1936: Silvio Berlusconi, italieenesche Politiker.
- 1938: Wim Kok, hollännesche Politiker.
- 1941: Werner Pochath, éisträichesche Schauspiller.
- 1942: Jean-Luc Ponty, franséische Museker.
- 1942: Felice Gimondi, italieenesche Vëlossportler.
- 1943: Lech Wałęsa, polnesche Politiker.
- 1945: Fernand Jeitz, lëtzebuergeschen internationale Foussballspiller.
- 1948: Theo Jörgensmann, däitschen Jazzmuseker a Komponist.
- 1951: Michelle Bachelet, chileenesch Politikerin.
- 1952: Steve Kaspar, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 1954: Geoffrey Marcy, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- 1961: Julia Gillard, australesch Politikerin.
- 1971: Annemarie Hastert, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 1977: Debelah Morgan, US-amerikanesch Sängerin, Songwriterin a Produzentin.
- 1984: Per Mertesacker, däitsche Foussballspiller.
- 1996: Liz Braz, lëtzebuergesch Juristin a Politikerin.
- 1998: Sarah Gruskovnjak, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
Gestuerwen
änneren- 855: Lothaire I., réimesch-däitsche Keeser.
- 1902: Émile Zola, franséische Schrëftsteller.
- 1913: Rudolf Diesel, däitschen Ingenieur an Erfinder.
- 1867: Jean Pierre Michaelis, lëtzebuergesche Professer a Schoulinspekter.
- 1930: Ilja Efimowitsch Repin, russesche Moler.
- 1939: Paul Medinger, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1953: Hubert Clément, lëtzebuergesche Politiker an Editeur.
- 1973: Wystan Hugh Auden, englesche Schrëftsteller.
- 1983: Nicky Kirsch, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 1985: Benjamin Markarjan, armeeneschen Astronom an Astrophysiker.
- 1986: Helmut Qualtinger, éisträichesche Schauspiller, Schrëftsteller a Kabarettist.
- 1989: Edmond Cigrang, lëtzebuergesche Komponist a Musekspedagog.
- 1991: Félix Welter, lëtzebuergesche Jurist.
- 1997: Roy Lichtenstein, US-amerikanesche Moler (Pop-Art).
- 2004: Heinz Wallberg, däitschen Trompettist, Violonist an Dirigent.
- 2005: Rolf Winter, däitsche Journalist.
- 2010: Tony Curtis, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2010: Georges Charpak, franséische Physiker.
- 2011: Albert Weinberg, belsche Comiczeechner
- 2015: Hellmuth Karasek, däitschen Auteur, Journalist, Film- a Literaturkritiker.
- 2017: Marcel Gérard, lëtzebuergeschen Auteur.
- 2022: Paul Veyne, franséischen Historiker.
- 2023: François Schanen, franséische Linguist.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 29. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |