D'Katalin Novák (mat vollem Numm no ungarescher Konventioun iwwer d'Reiefolleg:Veresné Novák Katalin Éva), gebuer de 6. September 1977 zu Szeged, ass eng ungaresch Politikerin (Fidesz). Si war vun 10. Mee 2022 bis zu hirem Récktrëtt, den 10. Februar 2024, Presidentin vun der Republik Ungarn.

Katalin Novák
Gebuertsnumm Novák Katalin Éva
Gebuer 6. September 1977
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Politiker, Jurist, Ekonomist

Liewen a Karriär änneren

D'Katalin Novák huet vun 1996 bis 2001 op der Corvinus-Universitéit Budapest Economie studéiert an tëscht 1999 an 2004 sträppweis och op der Universitéit Szeged an op der Universitéit Paris Nanterre.

Vun 2001 un huet si sech politesch Engagéiert an huet am Ausseministère, am Beräich Europapolitik, ugefaange mat schaffen. 2010 gouf si Conseillère an deem Ministère an 2012 Cheffe de Cabinet am Ministère vun der Fonction publique. 2014 war si Staatssekretärin fir Familljen- a Jugend am Ministère fir d'Staatspersonal. Den 1. Oktober 2020 gouf si Familljeministesch.

Si ass och Vizepresidentin vun der Fidesz-Partei an ass ë. a. Grënnungsmember a Presidentin vum Veräin Frae fir Ungarn.

Den 10. Mäerz 2022 gouf d'Katalin Novák vum Parlament a geheimer Wiel mat 137 vun 188 gëltege Stëmmen als Staatspresidentin vun Ungarn gewielt. Den 10. Mee 2022 gouf si als dem János Áder seng Nofollgerin vereedegt.

Den 10. Februar 2024 ass si zeréckgetrueden, wéinst der Kontrovers déi entstane war, nodeems si e Mann, dee wéinst Bäihëllef zu pedokriminellen Handlungen veruerteelt gi war, begnodegt hat.

Si ass bestuet a Mamm vun dräi Kanner.

Um Spaweck änneren

Commons: Katalin Novák – Biller, Videoen oder Audiodateien