24. November
Datum
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
De 24. November ass den 328. Dag (329. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 380: Mam Edikt vun Thessaloniki (och: Dräikeeseredikt oder Edikt vum Theodosius) gëtt d'Chrëschtentum als offiziell Relioun am Réimesche Räich deklaréiert an all aner Relioune verbueden.
- 1859: Den Charles Darwin publizéiert mat sengem Wierk The Origin of Species seng Evolutiounstheorie.
- 1883: Den Eugène Poubelle obligéiert d'Paräiser Hausproprietairen, hire Locatairen eng Dreckskëscht zur Verfügung ze stellen, déi am Franséischen haut nach no him benannt gëtt.
- 1964: Den Jack Ruby erschéisst zu Dallas de Lee Harvey Oswald, de presuméierte Mäerder vum John F. Kennedy
- 1965: De Mobutu Sese Seko putscht an der Demokratescher Republik Kongo; hie bleift 30 Joer un der Muecht.
- 1974: An Ethiopien gëtt d'Lucy entdeckt, dat beweist, dass d'Virgänger vum Mënsch scho virun 3 Millioune Joer op zwee Bee goungen.
Sport
änneren- 1957: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Spuenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Robert Mond geschoss.[1]
- 1979: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 0:4 géint Tschechoslowakei.[2]
Gebuer
änneren-
Baruch Spinoza
-
Zachary Taylor
-
Helen Buchholtz
-
Abd al-Aziz ibn Saud
-
Arundhati Roy
- 1492: Pietro Aretino, italieenesche Schrëftsteller.
- 1632: Baruch Spinoza, hollännsche Philosoph.
- 1784: Zachary Taylor, 12. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 1801: Ludwig Bechstein, däitsche Schrëftsteller, Bibliothecaire an Archivist.
- 1826: Carlo Collodi, italieenesche Schrëftsteller a Politiker.
- 1864: Henri de Toulouse-Lautrec, franséische Moler.
- 1877: Helen Buchholtz, lëtzebuergesch Komponistin.
- 1880: Abd al-Aziz ibn Saud, Grënner vum Kinnekräich Saudi-Arabien; Kinnek 1932-1953.
- 1889: William J. Kroll, lëtzebuergesch-amerikanesche Fuerscher.
- 1897: Adolf Weis, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.
- 1908: Jules Scharry, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1910: Carlos Ulrrico Cesco, argentineschen Astronom.
- 1911: Erik Bergman, finnesche Komponist.
- 1911: André Schmit, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1914: Lynn Chadwick, brittesche Sculpteur.
- 1922: Maria-C. Haller, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 1927: Ferd Medinger, lëtzebuergesche Moler.
- 1929: Michel Reuter, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1955: Emir Kusturica, jugoslawesche Filmregisseur.
- 1961: Arundhati Roy, indesch Schrëftstellerin.
- 1967: Laurent Deville, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1973: Azad, däitsche Rapper.
- 1983: Luis León Sánchez, spuenesche Vëlossportler.
- 1995: Joe Kalmes, lëtzebuergesche Basketballspiller.
Gestuerwen
änneren- 1571: Jan Blahoslav, tschecheschen Humanist, Grammatiker a Komponist.
- 1572: John Knox, schottesche Geeschtlechen a protestantesche Reformator.
- 1858: Ernst Koch, däitsch-lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1916: Adélaïde-Marie, Fra vum Groussherzog Adolphe.
- 1929: Georges Clemenceau, franséische Politiker a Ministerpräsident.
- 1947: Pierre Hennes, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1961: Jean Majerus, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 1968: Jacques Leurs, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 1976: Ernest Wurth, lëtzebuergesche Moler a Jurist.
- 1980: George Raft, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1985: László József Bíró, Erfinder vum Bic
- 1990: Arnold Marquis, däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.
- 1990: Helga Feddersen, däitsch Schauspillerin.
- 1991: Freddie Mercury, brittesche Sänger (Queen).
- 1998: John Chadwick, brittesche Philolog a Paleograph.
- 2001: Mett Clemens, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2001: Melanie Thornton, US-amerikanesch Sängerin.
- 2012: Spitz Kohn, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 2013: Josy Schlang, NS-Affer, leschte lëtzebuergeschen Zäitzeie vun Auschwitz.
- 2015: Henri Rodesch, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Museksprofesser a Politiker.
- 2022: Hans Magnus Enzensberger, däitsche Schrëftsteller.
- 2023: Heidelinde Weis, éisträichesch Schauspillerin.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 24. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |