Vereenegt Kinnekräich

Staat a Westeuropa


United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland

Union Jack

Wope vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland

Detailer

Detailer
National Devise: Dieu et mon droit
(Devise vun der Monarchie)
Europe-UK.svg
Offiziell Sprooch: Englesch (de facto)
Haaptstad: London
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Charles III.
 • Premierminister: Rishi Sunak
Fläch: 242 495[1] km²
 • Dovu Waasser: 1,3 %
Bevëlkerung: 60 587 300[2]
 • Bevëlkerungsdicht: 250/km²
Nationalfeierdag: 2. Samschdeg am Juni
(Gebuertsdag vun der Kinnigin)
Nationalhymn: God Save the King
Wärung: Pond Sterling (£, GBP)
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .uk, .gb (net am Gebrauch)
Internationalen
Telefonsprefix
:
+44
UK Kaart cia.png

D'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland (englesch: United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland), op Lëtzebuergesch dacks mat Groussbritannien ofgekierzt, ass e souveräne Staat op den am Nordweste vun Europa geleeëne britteschen Inselen. Dozou gehéieren d'Insel Groussbritannien, den nordëstleche Wupp vun der irescher Insel an eng sëllege méi kleng Inselen. Den haitege Staat ass eng politesch Unioun tëscht de véier Deelstaaten England, Wales, Schottland (allen dräi op der Insel Groussbritannien) an Nordirland (Insel Irland). D'Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland ass déi eenzeg Staatsgrenz iwwer Land. Natierlech Grenze maachen den Atlanteschen Ozean, d'Irescht Mier, d'Nordmier an den Äermelkanal (Manche). D'Insel Groussbritannien ass mam Tunnel ënner der Manche mat Frankräich verbonn.

D'Vereenegt Kinnekräich ass eng parlamentaresch Demokratie a konstitutionell Monarchie. De Regierungssëtz ass zu London, der Haaptstad vum Land. Staatschefin ass d'Kinnigin Elizabeth II. D'Kroundependancen (crown dependency) Isle of Man an d'Kanalinselen Jersey a Guernsey si formell am direkte Besëtz vun der brittescher Kroun, gehéieren awer net zum Staat. D'Vereenegt Kinnekräich huet d'Souveränitéit iwwer 14 Iwwerséigebidder, déi meescht dovu si fréier Krounkolonien déi aus ënnerschiddlechen Ursaachen ni onofhängeg gi sinn. Aner Lännereien an Deeler vum fréiere britteschen Imperium sinn haut onofhängeg Staaten oder goufe wéi fir d'lescht 1997 Hong Kong (zanterhier nees chineesesch), un aner Staaten ofginn. Den historeschen Afloss deen d'brittesch Expansiounspolitik op grouss Deeler vun der Welt hat, huet sech an der Kultur a Sprooch vu Länner wéi Kanada, Australien, Neiséiland, Indien, Pakistan, Südafrika, de Vereenegte Staate vun Amerika an aneren, global manner aflossräichen onofhängege Staaten niddergeschloen.

D'Vereenegt Kinekräich ass bis haut iwwer d'Monarchie a Personalunioun mat 15 souveräne Staaten. Dës sougenannt Commonwealth Realms ("Kinnekräicher vum Commonwealth") si Länner an deenen d'brittesch Monarchin Kinnigin an offiziell Staatschefin bliwwen ass. Do donieft huet d'Kinnekräich mam Commonwealth of Nations eng international Institutioun geschaf fir de politesche Kontakt mat -an der Majoritéit- Nofollgerstaate vu fréieren Territoiren aus imperialer Zäit ze halen.

D'Vereenegt Kinnekräich war mat senge ronn 60,6 Milliounen Awunner vun 1973 bis den 31. Januar 2020 Member vun der Europäescher Unioun (EU). Den 23. Juni 2016 hate si sech an engem Referendum fir en Austrëtt aus der EU ausgeschwat (de sougenannte Brexit).

D'Kinnekräich ass e G8-Staat a Grënnnungsmember vun der NATO an de Vereenten Natiounen. Als Atommuecht huet et e permanente Sëtz am Sécherheetsrot.

NummÄnneren

Den offizielle Staatsnumm op Englesch ass United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland. D'Brite selwer hunn awer éischter United Kingdom, Britain oder UK am alldeegleche Gebrauch wa se vun hirem Land schwätzen.

Den offizielle Staatsnumm an de Sproochen déi der Europäescher Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen no regional vum Vereenegte Kinnekräich unerkannt gi sinn:

  • Teyrnas Unedig Prydain Fawr a Gogledd Iwerddon (Walisesch)
  • An Rìoghachd Aonaichte na Breatainn Mhòr agus Eirinn a Tuath (Schottesch)
  • Ríocht Aontaithe na Breataine Móire agus Thuaisceart Éireann (Irlännesch)
  • An Rywvaneth Unys a Vreten Veur hag Iwerdhon Glédh (Kornesch)
  • Unitit Kinrick o Great Breetain an Northren Ireland (Scots)

Am Lëtzebuergesche gëtt -grad wéi an enger Rëtsch aner Sproochen- vill vu "Groussbritannien", dacks souguer nach vun "England" geschwat wann d'Vereenegt Kinnekräich gemengt ass. Groussbritannien ass reng geographesch gesi falsch, well et eeben och den offiziellen Numm vun der gréisster vun de britteschen Inselen ass. Zu der Insel Groussbritannie gehéiere just England, Wales a Schottland. Dee véierte Landesdeel, Nordirland läit dogéint op der Insel Irland.

De "Great" am Great Britain kënnt vum franséische Grande Bretagne a markéiert den Ënnerscheed zu der franséischer Bretagne. De laténgeschen Numm Britannia geet op d'keltescht Wuert "Brith" fir faarweg oder fleckeg zeréck.

BeschreiwungÄnneren

KlimaÄnneren

De Klima ass ozeanesch mat kille Summeren a mëlle Wanteren. Duerch deen heefege Westwand kënnt vill fiicht Loft iwwer d'Inselen an et reent relativ vill. Bedingt duerch déi héich Loftfiichtegkeet entsteet dacks Niwwel. De Klima gëtt staark vum Golfstroum beaflosst.

VegetatiounÄnneren

Fréier gouf et grouss Bëscher, déi awer staark ofgeholz goufe well d'Land vill Holz gebraucht huet fir Schëffer ze bauen.

BevëlkerungÄnneren

Nieft den Englänner, Waliser, Schotten an Iren liewe vill Mënschen aus dem Commonwealth, déi zanter 1950 agewandert sinn, an den Industriegebidder op de britteschen Inselen. Méi wéi 1/3 vun allen Awunner liewen an de grouse Ballungsraim. Wales a Schottland si relativ dënn besiidelt.

ReliounÄnneren

D'Majoritéit vun den Awunner bekennt sech zur Kierch vun England, déi Staatskierch ass.

LiteraturÄnneren

  • Marshall, John, 2020. ≠LuxUK Links. 150 stories connecting the United Kingdom and Luxembourg. Maison Moderne. ISBN 978-9959-33-28-9 [Den John Marshall ass zanter 2016 britteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg].

Um SpaweckÄnneren

Commons: Vereenegt Kinnekräich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Quell: Encyclopedia Britannica online (Abrëll 2008)
  2. Zuele fir 2006 (statistics.gov.uk).
    Bei der leschter Volllekszielung, den 29. Abrëll 2001, goufen 58 789 194 Awunner gezielt. Quell: Office for National Statistics, Census 2001