Israel

Staat a Westasien
Dëse Geographiesartikel iwwer Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Israel (hebr.: מדינת ישראל Medinat Jisra′el, arab.: دولة إسرائيل Daulat Isrā′īl) ass e Staat am Noen Osten, deen u Syrien, de Libanon, Egypten, Jordanien an un déi vun Israel besate Gebidder grenzt.

מדינת ישראל
Medinat Jisra′el (hebr.)
دولة إسرائيل
Daulat Isrā′īl (arab.)
Staat Israel

Fändel vun Israel

Wope vun Israel

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Hebräesch / Arabesch
Haaptstad: Jerusalem
Staatsform:
 • President: Jitzchak Herzog (יצחק הרצוג)
 • Premierminister: Benjamin Netanyahu (בנימין נתניהו)
Fläch: (Land selwer ouni besat Gebidder) 20.991 km² (147.)
Bevëlkerung: zirka 8.134.100 (97.)
 • Bevëlkerungsdicht: 331/km²
Onofhängegkeet: 14. Mee 1948
Nationalhymn: haTikwa,
(lb.: d'Hoffnung), Lauschtert
Wärung: Neien israeelesche Schekel (₪)
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .il
Internationalen
Telefonsprefix
:
+972

Geographie änneren

Der Längt no miesst d'Land vun Norden no Süde 470 km. Déi breetst Plaz huet 135 km vu Westen no Osten. Obschonn Israel nëmmen e klengt Land ass, huet et puer Klimazonen. Am Norde gëtt et Bëscher an et ass mëttelméisseg waarm, wärend et am Süden eng grouss Hëtzt gëtt an net vill an de wüstenaartege Géigende wiisst. D'Negev-Wüst bedeckt do déi gréisst Fläch. Op der Mëttelmierküst, souwéi am Dall vum Jordan ass de Klima subtropesch. Am Dall vum Jordan läit den déifste Punkt vun der Uewerfläch vun der Welt. Dat ass beim Doudege Mier, e Mier dat isoléiert ass, keen Offloss huet an extreem salzhalteg ass.

Bevëlkerung änneren

 
Israeelesch multikulturell Gesellschaft

Mat sengen net ganz 7 Milliounen Awunner zielt Israel bevëlkerungsméisseg zu de klenge Staaten (97. Plaz). Ongeféier 91 Prozent vun der israeelescher Bevëlkerung liewen an de Stied. Déi israeelesch Gesellschaft setzt sech aus verschiddene Reliounen a Kulture mat ënnerschiddlechen Traditiounen zesummen. D'Nationalitéit kritt een duerch d'Gebuert oder duerch d'Zouwanderung. Eng duebel Nationalitéit ass méiglech.

An der Onofhängegkeetserklärung vum Staat Israel ass d'reliéis Fräiheet garantéiert. Iwwer d'reliéis Zougehéieregkeet an hir Ausübung däerf jiddweree selwer entscheeden.

An den offizielle Statistike gëtt tëscht Judden an Netjudden ënnerscheet. Am Joer 2001 waren 81 Prozent vun der israeelescher Bevëlkerung Judden oder hu vu Judden ofgestaamt, an dëser Zuel ass d'Bevëlkerung vun de besate Gebidder net ageschloss.

Déi jiddesch Bevëlkerung gëtt opgedeelt an:

d'Watikim, dat sinn d'Awunner vum Jischuw, der aler jiddescher Siidlung an deenen déi virun der Grënnung vum Staat Israel zougezu sinn
d'Olim, déi no der Staatsgrënnung agewandert sinn
d'Tzabarim, déi am Land gebuer goufen

Eng 20 % vun der Bevëlkerung sinn Araber, dovu geschaten 170.000 Beduinen. Weider gëtt et kleng Minoritéite wéi Drusen (1,5 Prozent), eng kleng armeenesch Gemeng, d'Bahai, d'Alawiten, d'Achmediten an zwee Dierfer mat Tscherkessen.

Aus der fréierer Sowjetunioun si méi wéi eng Millioun Judden agewandert, dovu 750.000 an de Joren tëscht 1989 a 1999.

Den 31. Dezember 2003 hunn 224.200 israeelesch Bierger an illegale Kolonien am zanter 1967 besate Westjordanland (inkl. Westjerusalem) gelieft a geschafft.

Offiziell Sprooche sinn, nieft dem Engleschen, d'Arabesch an d'Hebräesch. Déi hebräesch Sprooch ass a jéngster Zäit opgewäert ginn a gëtt vun der Majoritéit vun den Israelien geschwat. Arabesch ass donieft d'Ëmgankssprooch vun iwwer enger Millioun arabeschen an drusesche Staatsbierger. An den arabesche Schoulen ass Arabesch d'Aarbechtssprooch, an de jiddesche Schoulen kann, nieft Englesch, Arabesch als zweet Friemsprooch gewielt ginn. D'Gesetzestexter sinn an Hebräesch an an Arabesch verfaasst.

D'Liewenserwaardung an Israel zielt mat zu den héchsten op der Welt an erreecht fir d'Fraen 80,9 Joer an 76,7 Joer fir d'Männer (2003).

Vun Touristen am meeschte besicht Plazen änneren

Relioun änneren

Sechs Prozent vun den israeelesche Judde bezeechne sech als Haredim (ultra-orthodox reliéis), weider 9 Prozent als „reliéis”, 34 Prozent bezeechne sech selwer als Traditionalisten, déi sech net strikt un déi jiddesch Halacha halen, an 51 Prozent als „säkular”.

Ongeféier 2,1 Prozent vun der Bevëlkerung si Chrëschten. Vun den 138.500 Chrëschte sinn der eng 75.000 Katholicken.

D'israeelesch Araber stellen ongeféier 18 Prozent vun der israeelescher Bevëlkerung duer. D'Majoritéit dovun ass sunittesch, mee et gëtt och Chrëschten ënner den Araber, souwuel an Israel wéi och an de palestinensesche Gebidder.

Geschicht änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun de Judden (Israel).

Am 13. Jh. v. Chr. gouf d'Land vu verschiddenen nomadesche Stämm besidelt. Jerusalem gouf, der Bibel no ëm 1.000 v. Chr., Haaptstad vum David sengem Kinnekräich Israel, e Räich dat allerdéngs zerfall an ënnerjocht ginn ass (eruewert vun den Assyrer am Norden an de Babyloner am Süden). Duerno huet et zum Perserräich gehéiert, an duerno zum Alexander dem Grousse sengem Groussräich.

Den Opstand vun de Makkabäer 165 v. Chr. huet Israel fir eng kuerz Zäit d'Fräiheet bruecht. Awer net laang, well vun 63 v. Chr. un haten d'Réimer d'Soen zu Jerusalem. Den Tempel an déi ganz Stad goufe 70 n. Chr. vun hinnen zerstéiert. D'Opstänn vun de Judde goufen néiergeschloen, och de Bar-Kochba-Opstand, an d'Judde sinn duerch d'Welt zerstreet ginn (Diaspora). D'Land huet dunn den Numm Palestina kritt.

Mir iwwersprangen d'Zäit vun de Kräizzich an och d'osmanesch Zäit, ouni awer ze vergiessen dat schonn 1882 Judden, déi an hire Länner aus reliéisen oder politeschen Ursaachen ënnerdréckt goufen, sech massiv no Palestina ofgesat hunn (Alija). Eng zweet Alija geet op d'Joren 1904-1914 zeréck.

Mandatszäit änneren

Wéi nom Éischte Weltkrich d'osmanesch Zäit eriwwer war, huet d'Vereenegt Kinnekräich 1922 op der Konferenz vu Paräis vum Vëlkerbond den Optrag kritt, d'Gebitt vu Palestina an och dat, wat Jordanien an Israel sech elo deelen, ënner hiren Hutt ze huelen an ze verwalten. Hir Missioun war et, fir der Balfour Deklaratioun zum Duerchbroch ze verhëllefen an e Gebitt als Heem fir d'Judden ze schafen. Well dat Gebitt awer net genee festgeluecht war, war d'Ausübung vun deem Mandat mat grousse Schwieregkeete verbonnen. Groussbritannien huet sech also agesat, fir de Judden d'Méiglechkeet ze ginn, massiv anzewanderen a si och zesummen unzesidelen, ouni awer, wéi hiren Optrag et wollt, d'Rechter vun der usässeger Bevëlkerung a Fro ze stellen. D'Problemer si méi grouss ginn, wéi et tëscht den zwéi Weltkricher zu neien Immigratiounswelle vu Judde koum an d'Noutwennegkeet fir eng Opdeelung vum Gebitt erbäizeféiere sech mat enger grousser Drénglechkeet gestallt huet. Déi Beméiunge sinn awer feelgeschloen. Kritesch gouf d'Situatioun nom Zweete Weltkrich, wéi déi vun den Nazie verfollegt Judde befreit waren an ënner dramateschen Ëmstänn en neit Heem gesicht hunn.

Den Deelungsplang vun 1947 änneren

Den 29. November 1947 huet d'Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen du mat enger 2/3 Majoritéit decidéiert, d'Gebitt vu Westpalestina an e jiddeschen an en arabeschen Territoire opzedeelen. Déi Decisioun hunn d'Judde mol akzeptéiert, d'Araber awer net. Dat war den Ufank vun de Streidereien, déi duerch d'Verdreiwe vun engem groussen Deel vun den Araber aus dem Gebitt, dat Israel zouerkannt gouf, zu vill Misär gefouert huet.

D'Onofhängegkeet vun Israel änneren

Gestäerkt duerch dës Decisioun hunn d'israeelesch Vertrieder ënner dem Ben Gourion de 14. Mee 1948 d'Onofhängegkeet vun Israel ausgeruff. Nach an der Grënnungsnuecht hunn doropshin Egypten, Saudiarabien, Jordanien, de Libanon, den Irak a Syrien Israel de Krich erkläert. Dësen Israeelesch-Arabesche Krich huet du bis de Juli 1949 gedauert a fir Israel zu engem Gebittszouwuess geféiert. Déi Gebidder déi ursprénglech am Deelungsplang fir d'Palestinenser virgesi waren, sinn dunn u Jordanien (Westjordanland, inkl. d'Alstad vu Jerusalem) an un Egypten (Gazasträif) gefall.

D'Spannunge waren awer net entschäerft.

1952 gouf am Stater Stadhaus d'Lëtzebuerger Ofkommes tëscht der Bundesrepublik Däitschland engersäits an Israel an der Jewish Claims Conference anerersäits ënnerschriwwen.

Politik änneren

Politesche System änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Politesche System vun Israel.

  • Lëscht vun de Staatspresidente vun Israel
  1. Chaim Weizmann (1949 - 1952)
  2. Jitzhak Ben Zwi (1952 - 1963)
  3. Salman Schasar (1963 - 1973)
  4. Ephraim Katzir (1973 - 1978)
  5. Jitzhak Navon (1978 - 1983)
  6. Chaim Herzog (1983 - 1993)
  7. Ezer Weizmann (1993 - 2000)
  8. Moshe Katsav (2000 - 2007)
  9. Shimon Peres (2007 - 2014)
  10. Reuven Rivlin (2014 - 2021)
  11. Jitzchak Herzog (zanter 2021)

Ekonomie änneren

Kultur änneren

Literatur änneren

Musek änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Israel – Biller, Videoen oder Audiodateien