Carmen Welter-Jander

lëtzebuergesch Sängerin

D'Carmen Welter-Jander, gebuer den 31. Januar 1953 zu Lëtzebuerg[1] an och do gestuerwen den 8. Juni 2022[2], war eng lëtzebuergesch Sopranistin.

Carmen Welter-Jander
Gebuer 31. Januar 1953
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Juni 2022
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger
Famill
Papp Marcel Jander

Si huet souwuel en dramatesche wéi och e lyresche Repertoire, a si huet an e sëllege Passiounen an aner reliéis Kompositioune rezitant a konzertant gesongen. Si ass bekannt ginn duerch hir Lied-Interpretatiounen. Den Jazz-Museker Gast Waltzing gräift op hir hell a kloer Stëmm bei Studiosopnamen zeréck.

D'Carmen Welter-Jander war iwwer 30 Joer Gesankspedagogin am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck. Ee vun hire Schüler war de Bariton Carlo Hartmann, deen elo zu de Soliste vun der Wiener Volksoper gehéiert; an och de "Lyra" Dirigent, Flütt- an Zolfège Professer am Conservatoire du Nord, Sänger a Komponist Marion Michels huet seng Stëmm bei der Carmen Welter-Jander ausgebilt kritt.

Si ass d'Duechter vum Marcel Jander.

Referenzen änneren

  1. Gebuertsannonce am Luxemburger Wort vum 3. Februar 1953
  2. Noruff am Luxemburger Wort vum 29. September 2022, S.40