Serdar Berdimuhamedow

turkmeenesche Politiker

De Serdar Gurbangulyýewiç Berdimuhamedow, gebuer den 22. September 1981 zu Aşgabat, an der deemoleger Turkmeenescher SSR) ass en turkmeenesche Politiker an zanter dem 19. Mäerz 2022 President vun der Republik Turkmenistan. Säi Virgänger war säi Papp, de Gurbanguly Berdimuhamedow.

Serdar Berdimuhamedow
Gebuer 22. September 1981
Aschchabad
Nationalitéit Turkmenistan
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Famill
Papp Gurbanguly Berdimuhamedow
Mamm Ogulgerek Berdimuhamedova

Hien huet 2008 bis 2011 op der Diplomatescher Akademie zu Moskau international Reltioune studéiert, an dono um Genfer Zentrum fir Sécherheetspolitik. Dono hat hie verschidde Fonctiounen a staatlechen oder parastaatlechen Administratiounen, déi mat der Zäit méi dichteg goufen.

2016 gouf hie bei de Parlamentswalen an dat turkmeenescht Parlament gewielt. No sukzessive Posten wéi deem vum Vize-Ausseminister, Minister fir Industrie a Vize-Premierminister, gouf hien, als eenzege Jong vum Gurbanguly Berdimuhamedow, bei der Presidentewal am Mäerz 2022 zum Nofollger vu sengem Papp gewielt an den 19. Mäerz 2022 als neie Staatspresident vereedegt.