Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller John-Paul Gomez . Fir de Schachspiller, kuckt wgl. John Paul Gomez.

Den John-Paul Gomez ass en US-amerikaneschen Englesch-Enseignant, Auteur a Schrëftsteller, deen zanter 2006 zu Lëtzebeurg lieft.[1]

John-Paul Gomez

Liewen a Carrière änneren

Den John-Paul Gomez ass am US-Bundesstaat Colorado opgewuess an huet op der University of Colorado – Boulder 2001 e Bachelor, an op der University of New Orleans 2004 e Master an Englesch gemaach. 2007 koum hien op Lëtzebuerg.[1]

Hien schafft ë. a. als Englesch-Enseignant a Free-lance Auteur. Hie schreift geleeëntlech fir d'Publikatiounen Delano a Paperjam, ass den Auteur vun der satirescher Websäit 'Luxemburger Wurst'[2], a bitt seng Servisser un, fir am Optrag fir aner Leit ze schreiwen.[1]

2022 huet hie fir seng Kuerzgeschichtesammlung The Idiot of St. Benedict den éischte Präis vum Nationale Literaturconcours gewonnen.

Wierk änneren

  • The Idiot of St. Benedict and other stories. Bridel, Black Fountain Press, 2023.


Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 'About me' op writer.lu; nogekuckt: 2023-07-07.
  2. wurst.lu