Jean-Luc Godard

franséisch-Schwäizer Regisseur

De Jean-Luc Godard, gebuer den 3. Dezember 1930 zu Paräis, a gestuerwen den 13. September 2022, war e franséisch-schwäizeresche Regisseur, Dréibuchauteur a Filmkritiker.

Jean-Luc Godard
Pseudonym Hans Lucas
Gebuer 3. Dezember 1930
7. Arrondissement
Gestuerwen 13. September 2022
Rolle
Nationalitéit Frankräich, Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Filmregisseur
Member vun Groupe Dziga-Vertov
Famill
Bestuet mat Anne Wiazemsky, Anne-Marie Miéville, Anna Karina
Papp Paul Godard
Mamm Odile Monod

Am Zweete Weltkrich war hien an der Schwäiz, vu wou hien 1948 no der Scheedung vu sengen Elteren op Paräis zeréckgoung. Hien huet Ethnologie op der Sorbonne studéiert. Zu där Zäit huet hie mam André Bazin, Matgrënner vun de Cahiers du Cinéma, Bekanntschaft gemaach. Vun 1952 un, huet de Godard fir déi Revue Kriticke geschriwwen, dacks ënner dem Pseudonym Hans Lukas.[1]

Nodeem hie schonn e puer Court-métragë gedréint hat, huet hien 1960 säin éischte Film mam Titel A bout de souffle realiséiert.[2] De Godard gouf domat zu engem wichtege Vertrieder an engem Star vun der Nouvelle Vague.

1960 huet hie sech mat der Anna Karina bestuet an déi béid hunn 1964 d'Produktiounsfirma Anouchka Films gegrënnt. No den Evenementer vum Mee 1968 huet de Godard d'Grupp Dziga Vertov gegrënnt a Filmer gedréint, déi ëmmer méi onkonventionell goufen an Tendenze vu sengem maoisteschen Asaz erëmgespigelt hunn.[2] Vun 1980 un, weist sech méi en erwuessene Godard, deem seng Filmer zäitgenëssesch Theemen iwwerhuelen an zum Nodenken ureegen.[3]

Vill Filmer vum Godard sti ganz am Zeeche vun der Nouvelle Vague. En huet gär mam Genre gespillt a stellt a senge Filmer seng Léift fir d'Philosophie, d'Literatur an de Kino zur Schau. Zudeem baut hien, wéi och aner Realisateure vun der Nouvelle Vague, vill Referenzen zu amerikanesche Filmer a senge Wierker an.[4]

Aflëss

änneren

De Jean-Luc Godard war staark vum Dziga Vertov beaflosst,[5] mä en huet selwer och vill jonk Cineaste beaflosst, wéi z. B. de Quentin Tarantino, dee seng Produktiounsfirma A Band Apart genannt huet als Wierdegung vum Godard.[6] Aner Realisateuren, déi vum Godard beaflosst goufe sinn: Martin Scorsese, Bernardo Bertolucci, Arthur Penn, Hal Hartley, Richard Linklater, Gregg Araki, John Woo, Mike Figgis, Robert Altman, Steven Soderbergh, Richard Lester, Jim Jarmusch, Rainer Werner Fassbinder, Brian De Palma, Wim Wenders, Oliver Stone a Ken Loach.

Auszeechnungen

änneren

Am Ganze krut de Godard eng 30 Präisser iwwerreecht, dorënner de Präis vum europäesche Kino fir seng Carrière am Joer 2007.[7]

Filmographie (Auswiel)

änneren

Referenzen

änneren
  1. Philip Kemp (dir.): Tout sur le cinéma. Paris 2011, S. 255.
  2. 2,0 2,1 id., S. 255.
  3. Ronald Bergan: Film. München 2007, S. 300.
  4. Philip Kemp (dir.): Tout sur le cinéma. Paris 2011, S. 251.
  5. id., S. 60.
  6. id., S. 251.
  7. Daniel Borden et alii: Histoire du cinéma (Les Essentiels de National geographic). [Paris] 2009, S. 232.

Um Spaweck

änneren